Joseph Oth | |
---|---|
Gebuer | 14. Oktober1877 Habscht |
Gestuerwen | 5. Mäerz1955 Dikrech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Lycéesprofesser |
![]() |
DeJoseph Oth, gebuer de14. Oktober1877 zuHabscht, a gestuerwen de5. Mäerz1955 zuDikrech, war e lëtzebuergesche Professer aMoler.[1][2]
De Joseph Oth war de Jong vum Schräiner Michel Oth a vun der Marie Lamach.[3] No der Beruffsschoul zuKarlsruhe huet hien op derAcadémie royale des beaux-arts zuBréissel an op derKonschtakademie vu München studéiert.[4] Hie goufMaître de dessin an 1924Professeur de dessin amDikrecher Kolléisch ernannt an e gouf 1939 pensionéiert.[5]
Hien huet ënner anerem Landschaften an Ueleg an Aquarell gemoolt. Den Oth war Member vun der KënschtlervereenegungCercle artistique de Luxembourg, wou hie vun 1914 bis 1954 am Cercle sengen alljärleche Salonen ausgestallt huet. Am Salon 1917 huet d'staatlech Kommissioun fënnef Biller vum Oth,Dominique Lang,Henri Rabinger,Joseph Strock anAndré Thyes kaaft.[6]
De Joseph Oth ass no enger kuerzer Krankheet am Alter vu 77 Joer gestuerwen.[7]