Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

John Frederick Herring Jr.

Vu Wikipedia
John Frederick Herring Jr.
PseudonymHerring, John Frederick II, Herring, John Frederick, the younger
GebuerDoncaster
Gestuerwen6. Mäerz1907
Great Wilbraham
NationalitéitVereenegt Kinnekräich
AktivitéitMoler


Farmyard feast

DenJohn Frederick Herring Jr., gebuer zuDoncaster1815[1] oder1820[2],[3] a gestuerwen1907, war enenglesche Moler.

Den Herring koum aus enger Artistefamill déi haaptsächlech Sportszeenen an Déierebiller gemoolt hunn. Säi Papp denJohn Fredderick Herring Sr., deen am Haaptberuff Kutscher war, huet haaptsächlechPäerd gemoolt. Seng Mamm déiGenre-Zeene gemoolt huet, a Member vun derSociety of Lady Artists war, huet vun 1852 bis 1866 an derRoyal Academy ausgestallt.

Säi Monni, de Benjamin Herring Sr. a seng zwéi Bridder, de Benjamin Jr. an den Charles, hunn an dem selwechte Stil gemoolt. D'Herring's waren deelweis eng Familljenentreprise, si hunn dacks zu méi un engem Bild geschafft, dat da vum Papp signéiert gouf.

Den John huet mat Waasserfaarf an Ueleg gemoolt. Seng Uelegbiller sinn déi intressants a goufen dacks mat Biller vu sengem Papp verwiesselt. Dee Mëssel ass eréischt behouwe ginn, wéi se de Sr. a Jr. bei d'Ënnerschrëft gesat hunn.

Den John war mat der MolerinKate Rolfe bestuet, déi an der Royal Academy an an derSuffolk Street Gallery ausgestallt huet.

Am Alter huet hien zuFulbourn beiCambridge gewunnt, a seng spéit Biller weise Véi op de Wisen, dacks laanscht eFloss oder an dePäscher vu Bauerenhäff.

Den Herring huet an der Royal Academy, vun 1863 bis 1873, am British Institute, vun 1864 bis 1876 an an der Suffolk Street Gallery ausgestallt.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Lëscht vu Moler (ausser Lëtzebuerg)

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: John Frederick Herring Jr. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Burlington Paintings Katalog 2008
  2. John Frederick Herring, Jr. (1820-1907)" (overview), Rehs Galleries, 2007
  3. De Mëssel vum Gebuertsdag kënnt dohier well d'Famill Herring zwéi Bouwe mat dem Numm John Frederick Jr. haten, deen ee gebuer 1815 an den aneren 1820. Ee vun deenen zwéin ass jonk gestuerwen, an et gëtt ugeholl, datt dat dee vun 1815 war. (Quell:John Frederick Herring, Jr. (1820-1907)" (overview), Rehs Galleries, 2007)
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=John_Frederick_Herring_Jr.&oldid=2552470
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp