Johan Ludvig Emil Dreyer | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 13. Februar1852 Kopenhagen |
Gestuerwen | 14. September1926 Oxford |
Nationalitéit | Dänemark,Irland,Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Astronom, Biograph |
Member vun | Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften |
Gielercher | Goldmedail vun der Royal Astronomical Society |
![]() |
DeJohan Ludvig Emil Dreyer, gebuer den13. Februar1852 zuKopenhagen, a gestuerwen de14. September1926 zuOxford, war en däneschen Astronom a Wëssenschaftshistoriker.
Schonn a senger Schoulzäit zu Kopenhagen huet den Dreyer aussergewéinlech Talent a Mathematik, Physik a Geschicht bewisen. Astronomie a Wëssenschaftsgeschicht waren déi Fächer, an deenen hie spéider besonnesch aktiv ginn ass. Vun1874 un huet hien un deem grousse Spigelteleskop vumLord Rosse zu Birr Castle ge schafft, wou hie sech intensiv mat den niwwelegen Himmelsobjete beschäftegt huet. Vun1878 bis1882 war hien als Assistent am Dunsick Observatoire aktiv, da gouf hien Direkter umArmagh Observatoire.
Do huet hien op Resultater zeréckgegraff, déi hie selwer schonn zu Birr Castle gewonnen hat, op eng Rei vun eeleren Niwwelkatalogen (vumWilhelm Herschel ë. a.) an op deSecond Armagh Catalogue of Stars. Am Joer1888 gouf hien deNew General Catalogue of Nebulae and Clusters of Stars (NGC) mat 7840 Daten eraus, an och Supplementer, d'Index-Katalogen I (1895) an II (1908) mat weidere 5.386 Objeten. An der Tëschenzäit sinn eng Rëtsch vu Spezialkatalogen erauskomm, awer den NGC ass bis haut d'Referenzwierk.
Den Dreyer huet sech besonnesch fir d'Aarbecht vu sengem LandsmannTycho Brahe intresséiert. Dem Dreyer seng Tycho-Biographie (1890) ass bis haut d'Standardbiographie vu sengem Virleefer, demJohannes Kepler. Si gouf vervollstännegt duerch déi ëmfaassend Editioun vu sämtleche Wierker vum Tycho a laténgescher Sprooch.
Den Dreyer war bis1916 Direkter vumArmagh Observatoire (Nordirland). 1916 krut hien d'Gold Medail vun derRoyal Astronomical Society. 1923/24 war den Dreyer President vun der Royal Astronomical Society.