Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Johann Elert Bode

Vu Wikipedia
Johann Elert Bode
Gebuer19. Januar1747
Hamburg
Gestuerwen23. November1826
Berlin
NationalitéitKinnekräich Preisen
AktivitéitAstronom, Universitéitsprofesser
Member vunRoyal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie,Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Niedersächsische Akademie der Wissenschaften zu Göttingen
GielercherFellow vun der Royal Society

DeJohann Elert Bode, gebuer den19. Januar1747 zuHamburg; a gestuerwen den23. November1826 zuBerlin, war en däitschenAstronom.

1786 ass hien Direkter vumBerliner Observatoire ginn. Scho1776 huet hien enAstronomescht Joerbuch erausginn. De Bode verëffentlecht1772 déi vumJohann Daniel Titius1766 entdeckt an nëmmen an enger Foussnott ernimmtempiresch Formel d'Titius-Bode-Rei. No där Reegel loosse sech bis bei denUranus déi ongeféier Ofstänn vu Planéitebunne vun der Sonn duerstellen.

De Bode ass an der Fachwelt virun allem wéinst sengen Aarbechten iwwer d'Bunn vumUranus bekannt, dee1781 entdeckt gouf. An ale Stärekatalogen huet de Bode e ganze Koup Positioune vum Uranus fonnt, déi zwar dePlanéit alsStär mat dem Numm34 Tauri registréiert haten. De Bode huet awer erkannt, datt deen een an deen aneren de selwechte Planéit war, nämlech den Uranus. Doduerch war et méiglech, d'Planéitebunn méi fréi wéi erwaart a mat héijer Prezisioun ze berechnen. Duerch Onstëmmegkeete vu berechente Positioune gouf dunn1846 denNeptun entdeckt. D'Benennung vum Uranus geet op de Virschlag vum Bode zeréck. Virdru gouf de Planéit ochHerschel no sengem EntdeckerWilhelm Herschel oderGeorgium Sidus nom englesche KinnekGeorge III. genannt.

Nom Bode gouf eMoundkrater an enAsteroid(998) Bodea benannt.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Johann Elert Bode – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Johann_Elert_Bode&oldid=2439495
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp