Ënneschten Deel aus der Chouerfënster "gloriae mysteria" vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg mam Monogramm IHS, dem Hl Ignatius an dem Abbé Pierre Fourier
D'Jesuitte zielen zu deRegularkleriker. Si droe keng besonnesch Uerdenskleedung an hunn och kee gemeinsaamtChouergebiet. E Jesuitt dréit just hanner sengemFamilljennumm de Kierzel SJ firSocietas Jesu.
D'Symbol vum Uerden ass de MonogrammIHS (déi éischt dräi Buschtawe vum NummJesus opGriichesch). Dacks gouf IHS och alsIesum Habemus Socium (Mir hu Jesus als Gefährten) oderIesus Hominum Salvator (Jesus, den Erléiser vun de Mënschen) gedeit. De Motto vum Uerden ass delaténgesche Sproch:Omnia Ad Maiorem Dei Gloriam (Alles zur gréisserer Éier vum Härgott), dacks ofgekierzt OAMDG oder AMDG.
D'Exerzitie vum Ignatius von Loyola sinn de Kär vun der jesuittescherSpiritualitéit, woubäi aGebiet aMeditatioun dat eegent Liewen an d'Liewe vuJesus betruecht ginn. Dës Exerzitie ginn haut och vuLaien an aneren Uerde gemaach. Zur jesuittescher Spiritualitéit gehéiert och eng besonnesch Mariefrëmmegkeet, déi si zanter der kathoulescherGéigereformatioun kloer an däitlech vun der protestantescherReformatioun ënnerscheet.
Am Europa vum17. Joerhonnert hunn d'Jesuitte kierchepolitesch eng bedeitend Roll an der Géigereformatioun gespillt fir déi sougenannt protestanteschHeresi ze bekämpfen. Den Uerden huet dofir, besonnesch a Länner an deenen de kathoulesche Glawen a Gefor war, Uerdenshaiser gegrënnt, sou och zu Lëtzebuerg.
Den Uerden huet den 1. Januar 2011 am Ganze 17.906 Memberen an 125 Länner gezielt. Vill Jesuitte si weltwäit a Schoulen an Universitéiten aktiv. Aner wichteg Aufgabe sinn d'Begleedung vun Exerzitien awer och d'Sozial- a Flüchtingsaarbecht wéi d'Medienaarbecht.
En éischte Versuch vun enger Néierloossung vun de Jesuitten zu Lëtzebuerg am Joer1585 konnt duerch finanziell Schwieregkeeten net duerchgezu ginn, an dat obwuel de PoopstSixtus V. schonn eng Grënnungsbull fir d'Schafe vun engem Jesuittekolléisch erlooss hat.
De14. August1594 hu sech dunn aus derbelscher Provënz vum Jesuittenuerden (der gallo-belscher Provënz, no 1612) déi dräi éischt Jesuittepateren, denHenri vu Samrée, de Bernard Olivier an den Théodore-Othon Becanus, zesumme mat zwéi Jesuittebridder definitiv zu Lëtzebuerg installéiert. D'Famill vum Antoine Houst huet sech ëm passend Wunnenge gekëmmert[1]. An derNikloskierch war denAltor vum hellege Kräiz fir déi jonk Uerdensgemeinschaft reservéiert.
D'Jesuittekierch mam Jesuittekolléisch, Architekteplang ëm 1686
An de Jore 1597 a 1602 hunn d'Jesuitten déi néideg Terraine kaaft fir hir Schoul, deJesuittekolléisch ze bauen. Dës Terraine louche quasi vis-à-vis vumKnuedlerklouschter, demmonasterium minoritorum, op der anerer Säit vun derËnneschtgaass. 1603 a 1611 ass et hinnen dunn och gelongen déi Haiser niewendrun ze kafen, fir do hir eegen Uerdenskierch, déi haitegKathedral ze bauen. De klenge Foussgängerduerchgang (vun der Ënneschtgaass bis bei d'Haus vun de Berbuerger, den haitegeStaatsministère) nieft der Kathedral erënnert haut nach un de politesche Rechtssträit aus de Jore 1611 a 1612 an deem d'Häre vu Berbuerg hiert Recht op en Duerchgang gëlle gelooss hunn.
Den1. Oktober1603 hunn d'Jesuitten a Presenz vum Gouverneur Mansfeld an dem Abbé Pierre Roberti vun Neimënster déi éischt postprimär Schoul zu Lëtzebuerg ageweit. De Kolléisch huet deemools mat 200 Schüler an 3 Klassen ugefaangen. Vu 1605 un, konnt de Jesuittekolléisch 400 Schüler an dem ganze Secondairezyklus vu 5 Joer ophuelen[2]. Dat jesuittescht Erzéiungskonzept war an derRatio Studiorum vu1599 fir all Jesuitteschoulen definéiert[3]. D'Gebaier vum Jesuittekolléisch, der haitegerNationalbibliothéik, goufe 1608 mat derAula ofgeschloss, deem Sall, deen ufanks als Kiercheraum gedéngt huet an an deem haut dacks Konferenzen oder Ausstellunge sinn.
No de Pläng vum JesuittebrudderJean du Blocq ass an de Jore 1613 – 1621 d'Jesuittekierch gebaut ginn. D'Gebai vum Kolléisch gouf eng éischt Kéier 1686 – 1687 duerch e neie Fligel vergréissert, finanzéiert vumLouis XIV, eng 2. Kéier am Joer 1713 an nach emol eng 3. Kéier am Joer 1735 vergréissert. Bis zu 800 Schüler hunn deemools do studéiert.
Umpastorale Plang hu si, besonnesch an derStad, dat kathoulescht Liewen no de Glawens- a Moralprinzipie vumTridentinesche Konzil (1545-1563) gefërdert. HirMissioun war nieft der Marieveréierung besonnesch ausgeriicht opBeicht aKommioun (Eucharistie,Massfeier). Sou zielen d'Chronike 15200 Kommunikanten fir d'Joer 1608, 40-50000 drësseg Joer méi spéit, an souguer 90000 am Joer 1672. Am Joer 1667 gouf et déi éischt feierlechÉischtkommioun an derJesuittekierch.
No der Eruewerung vu Lëtzebuerg duerch deLouis XIV. (1684) gouf am Jesuittekolléisch ochPhilosophie anTheologie dozéiert. Dëst huet den intellektuelle Niveau vum LëtzebuergerKlerus staark beaflosst.
Wéi am Joer 1773 de Jesuittenuerde vum PoopstClemens XIV. opgeléist ginn ass, sinn d'Gebailechkeete vum Kolléisch fir d'éischt vun der Gemeng Lëtzebuerg an duerno vum Staat iwwerholl ginn. D'Schoul heescht zanter 1817ATHENAEUM, wéi deChronogramm op der Haffsäit vum Entréesportal an der Ënneschtgaass et an Erënnerung hält:ATHENAEVM SIT LVCELBVRGI DECOR (Den Athenäum sief de Bijou vu Lëtzebuerg).
Obwuel de Jesuittenuerden am Joer 1814 duerch de PoopstPius VII. erëm erlaabt krut ze wierken, huet et bis 1895 gedauert bis d'Jesuitten, duerch eng däitsch Uerdensgemeinschaft, sech erëm zu Lëtzebuerg amGarer Quartier niddergelooss hunn[5]. Datt et sou laang gedauert huet, louch souwuel un derantiklerikaler Gesetzgebung wéi och un enger feindlecher Haltung vun engem Deel vumKlerus. Zu hiren Aufgaben hunn nieftExerzitien Volleksmissiounen aOktavpriedegten gehéiert.
Am historesche Kontext vumKulturkampf an Däitschland an den antiklerikale Gesetzer a Frankräich war geplangt zu Lëtzebuerg eng Jesuittenuniversitéit ze grënnen. Aus deem Grond war denAugustin Catillion S.J. vuMetz (1822-1892) dacks zu Lëtzebuerg. Aus deem Projet gouf awer näischt. Am Joer1898 huet sech eng gréisser Gemeinschaft vun däitsche Jesuittepateren a -bridder umLampertsbierg amSchrëftstellerheem Bellevue (d'Gebai vum aktuelleLycée des arts et métiers) niddergelooss fir vun hei aus intellektuell Aarbecht ze maachen a publizistesch bis iwwer d'Grenzen eraus täteg ze sinn. Bekannate Jesuitten aus där Zäit sinn de LiteraturforscherAlexander Baumgartner, d'KonschthistorikerStephan Beissel,Joseph Braun aJosef Kreitmaier, den HistorikerOtto Braunsberger, de PhilosophKarl Frick, de PaterHermann Krose, den Ekonomist a SozialphilosophHeinrich Pesch, de JugendschrëftstellerJoseph Spillmann an de Biolog a SeechomessepezialistErich Wasmann. D'Pateren hunn d'Schrëftstellerheem1911 verlooss, well et fir den Uerde finanziell net méi ze droe war. Eng Rei vun hinnen hu Lëtzebuerg verlooss, déi aner goungen an d'Faïenceriestrooss an dat haitegtInternat Ste Marie.
Christ Roi-Kapell, ugebaut un d'Jesuitteklouschter op 25 Av. Gaston Diderich an der Stad
Zanter1932 wunnen d'Jesuitten umBelair an derCommunauté Christ-Roi mat der dozou gehéieregerChrist Roi-Kapell. Si sinn an der Studentejugend aktiv a begleeden d'JEC (Jeunesse Etudiante Chrétienne), déi si1944 gegrënnt hunn. Tëscht 1945 a 1955 huet d'JEC ënner dem PaterJean Wester eng wichteg Roll an der Lëtzebuerger Gesellschaft gespillt. Bis an d'70er Joren hunn de "JEC's-Theater" an d'ZäitschrëftOns 'Equipe dat kritescht Denken ënner der Studentejugend gefërdert. Heifir stinn Nimm wéi Pater Spoden, Pletschette, Schaack oder de PaterJoseph Klopp, dee vun 1964 bis zu sengem Doud 1983 Aumônier vun derALUC war[6].
Ënner den Erwuessene begleede si d'Communauté de Vie Chrétienne (CVX), deenen hiert MottoGott an allem erliewen ass.
Alain Woodrow (an Zësummenaarbecht mam Albert Longchamp),Les Jésuites. Histoire de pouvoirs; Paräis (J.-Cl. Lattès), 1984.
400 Joer Kolléisch. éditions saint-paul. Fënnef Bänn, 2003/04,bibnet.lu:000432326
Band I, ënner der Leedung vum Josy Birsens, S.J.:Du Collège des Jésuites au Collège Municipal 1603-1815. 287 S.
Josy Birsens SJ, 1994,Das Wirken der Jesuiten in Luxemburg im Dienst von Glaube und Kulur (1594-1994), Die Warte 15/1697, Luxemburger Wort 5. 5. 1994.
Josy Birsens SJ,Les Jésuites et leur collège: renforcement de l'identité catholique entre 1603 et 1773, S. 180-193 in:Emil Haag,Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles ; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.);ISBN 978-2-87954-235-5,
Bodo Bost, 2014.Fünfbändige "Geschichte der deutschen Jesuiten"erschienen. Deutsche Jesuiten und Luxemburg. Herausragende Rolle des Schriftstellerheims auf Limpertsberg von 1899-1911..Die Warte 11|2433 vum 27. Mäerz 2014, S. 10.
Klaus Schatz, 2013.Geschichte der deutschen Jesuiten (1914-1983), 5 Bänn. Aschendorff Verlag Münster.ISBN 978-3402129647.
↑“Da noch keine passende Wohnung für di Ordensleute gefunden werden konnte, wohnten sie die erste Zeit bald hier bald dort in der Stadt.“ cf. 400 Joer Kolléisch, Bd. 1, Du Collège des Jésuites au Collège Municipal 1603 – 1815, S. 80
↑cf. 400 Joer Kolléisch, Bd. 1, Du Collège des Jésuites au Collège Municipal 1603 – 1815, S. 66
↑Bost Bodo,Gott in allen Dingen suchen Vor 400 Jahren Marianische Sodalität errichtet, Beginn der Marienverehrung in Luxemburg, in Die Warte 3,2281 S. 6-8, Luxemburger Wort 21. 1. 2010