Java ass 126.650 Quadratkilometer grouss; mat de méi klengen, virgelagerten Insele wéiMadura sinn et 132.107 Quadratkilometer. Et huet eng 130 Milliounen Awunner (Stand 2006), méi wéi all aner Insel op der Äerd. Mat iwwer 1000 Awunner pro Quadratkilometer huet se eng vun den héchste Bevëlkerungsdichten op der Welt. Jakarta eleng huet iwwer 10 Milliounen Awunner. Mëttlerweil ass et mat de NopeschstiedBogor,Depok,Tangerang aBekasi zesummegewuess, woufir alt "Jabodetabek" (aus den Ufankssilben zesummegesat) gesot gëtt.
D'Insel ass ausseruerdentlech fruchtbar. Am Weste gëtt et nach e puer méi klengDschungelflächen, iwwerdeems et no Osten hin no an no méi dréche gëtt. Bal all ondebaut Teraine gi landwirtschaftlech benotzt. NieftKaffi,Tubak aMais ass et virun allem deRäis, deen op groussen Terrassen ugabaut gëtt.
D'Insel ass dominéiert duerch eng Kette vun 38 deels aktiven, deels net méi aktive Vulkaner. Déi bekanntst sinn deBromo (2329 Meter), deMerapi (ca. 2985 Meter), ee vun de geféierlechste Vulkaner op der Welt, an den 3676 Meter héijenSemeru. DeSolo ass, mat ronn 600 Kilometer, dee längste Floss op der Insel.
Administrativ ass Java an d'ProvënzeBanten,Jawa Barat (Westjava),Jawa Tengah (Zentraljava),Jawa Timur (Ostjava) an an d'onofhängegt FürstentumYogyakarta agedeelt. Jakarta ass direkt der Zentralregierung ënnerstallt.