DenTennōJimmu, mythesche Grënner vum Keeserräich Japan
Der Seechen no gouf Japan am7. Joerhonnert v. Chr. vumTennō (jap. Keeser)Jimmu gegrënnt. Schonn am5. a6. Joerhonnert hate sech d'chineesesch Schreifweis an deBuddhismus etabléiere kënnen, éischt Zeeche fir de staarken Afloss dee China op d'japanesch Kultur sollt hunn.
Bedeitung a Roll vum Keeser hunn am Laf vun der Geschicht staark variéiert. Bis an d'8. Joerhonnert war den Tennō déi héchst Autoritéit am Räich, an der Zäit duerno war seng Muecht éischter begrenzt an dacks nëmme vu symboleschem Wäert. D'Soen hat vereenzelt d'Noblesse aus dem Entourage vum Haff, meeschtens awer waren et d'Shōgun déi d'Land ënner Kontroll haten. Japan warde facto fir Joerhonnerten ënner der Herrschaft vu verschiddene Shogunaten (Militärdynastien) déi - mat relativ kuerzen Ënnerbriechungen - vum12. bis an d'éischt Hallschent vum19. Joerhonnert un der Muecht waren.
Am16. Joerhonnert hunn Handelsleit achrëschtlech Missionnairen ausPortugal,Spuenien,Holland anEngland Japan fir sech entdeckt. Deneuropäeschen Interessi um Land huet d'Shogunat zwar skeptesch gemaach, gouf awer ufanks toleréiert. Nodeem d'Aktivitéite vun de kathoulesche Missionnairen awer weider zougeholl hunn, gouf d'Chrëschtentum1636 verbueden. Virun allem d'Verbreedung vum Katholizismus war an den Ae vun de Shogun en éischte Schrëtt a Richtung Kolonialiséierung vu Japan duerch d'Iberer. Zu gudder Lescht gouf jiddwer Kontakt mat Europäer verbueden. Eenzeg Ausnam: protestantesch Hollänner hunn däerfe kontrolléierten Handel bedreiwen, dat awer och just op der InselDejima beiNagasaki.
Tokugawa Ieyasu
Déi sougenanntEdo-Period (1603-1868), an där d'Shogunat vun derTokugawa-Famill un der Muecht war, war d'Zäit vun internationaler Isolatioun, mä anengems och déi längst Friddensperiod vun derNeizäit.
Et sollten 251 Joer vergoe bis datt d'Japaner1854 - ënner Drock vun denAmerikaner - nees wëlles waren d'Relatioune mam Westen erëm opzehuelen an der Isolatiounspolitik en Enn ze maachen.
De Kontakt mat den Europäer an den Amerikaner léist bannent kierzter Zäit eng ganz Rëtsch vun Evenementer aus, déi déi traditionell politesch Kultur a gesellschaftlech Verhältnesser an e Koup trëlle loossen. De politeschen Ëmbroch kënnt1868 mat der sougenannterMeiji-Restauratioun. D'Shogun verléieren d'Muecht an de Keeser gëtt nees als héchst Regierungsinstanz unerkannt. Eng sëllege Reforme ginn an deene Jore lancéiert: de Feudalsystem gëtt ofgeschaaft, staatlech Institutiounen no westlechem Modell ginn etabléiert, d'Schoulflicht gëtt agefouert an d'Land kritt eng nei Verfassung. Aus dem Keeserräich gëtt um Enn engkonstitutionell Monarchie, aus dem Agrarland eng Industrienatioun. Déi schëtzeg Moderniséierung an d'Fale loosse vun der Isolatiounspolitik verännere Land a Gesellschaft fundamental. D'Japaner ginn aussepolitesch méi king a si Wëlles hir Positioun als regional Wirtschafts- a Militärmuecht weider auszebauen. D'Konsequenz dovu sollt eng Expansiounspolitik sonnergläiche sinn.
D'Engagement vun deRussen an derMandschurei am Nordoste vu China féiert1905 zumrussesch-japanesche Krich . D'Konfrontatioun goung zu Gonschte vu Japan aus a markéiert déi éischt Defaite vun enger europäescher Groussmuecht géint en asiatescht Land. Japan kënnt an de Besëtz vuSakhalin an deKurilen, d'Mandschurei gëtt nees u China zeréckginn.
AmÉischte Weltkrich stinn d'Japaner op der Säit vun derEntente.1920 trëtt d'Land demVëlkerbond bäi a gëtt Member vum Sécherheetsrot. De Westen erkennt Japan als nei Regionalmuecht am Pazifikraum un, an akzeptéiert déi nei Territoiren. Et sollt net fir laang sinn.
Parlament, Regierung a Keeser hunn am Laf vun den1930er Joren ëmmer méi d'Kontroll un d'Militär verluer.
1932 besetzen d'Japaner d'Mandschurei a grënnen de MarionettestaatMandschuko. No massiver internationaler Kritik trëtt Japan1933 nees aus dem Vëlkerbond aus.1936 ënnerschreiwe Japan an Däitschland denAntikominternpakt. Et bleift zwar en éischter symbolescht Schreiwes, ass awer och en éischte Schrëtt a RichtungAchs Berlin-Roum-Tokio vun1941.
1937 eskaléiert d'Situatioun an der Mandschurei an et kënnt zumzweete chinesch-japanesche Krich.1938 iwwerdréit d'Parlament all Entscheedungsautoritéit a krichsrelevante Froen op d'Militär.
D'Japaner waren den Alliéierten an der Ufankszäit vum Krich ëmmer e Schratt viraus a konnten hiren Afloss iwwer ganz Südostasien ausbreeden. D'Philippinnen,Neiguinea,Birma anIndonesie ginn am Laf vun nëmmen e puer Méint okkupéiert.
Mat der japanescher Nidderlag an derSchluecht vu Guadalcanal op deSalomonen (1942-43) konnt d'japanesch Expansioun gestoppt ginn. Japan verléiert duerch d'Géigenoffensive vun den Alliéierten no an no ëmmer méi Territoiren.1945 gëtt Okinawa op de Ryūkyūinsele vun den Alliérten ageholl, Tokio an Ōsaka bombardéiert. De6. August1945 gehaien d'Amerikaner eng éischtAtombomm opHiroshima, den9. August explodéiert eng zweet iwwerNagasaki. Sechs Deeg drop kapituléiert Japan bedingungslos; formell ënnerschriwwe gouf d'Kapitulatioun den2. September1945.
D'Haaptacteuere vun der aggressiver Annexiounspolitik sinn an den internationaleKrichsverbriecherprozesser vun Tokio tëscht 1946-48 ugeklot a verurteelt ginn.
Bis Enn Abrëll1952 war Japan vun den Amerikaner okkupéiert.1956 trëtt d'Land deVereenten Natioune bäi. Tëscht 1955-1973 ass d'japanesch Ekonomie formidabel gewuess an d'Land huet sech politesch stabiliséiert.
Japan läit op engemArchipel ëstlech vum asiatesche Festland. DenInselstaat grenzt am Norden un d'Ochotskescht Mier, am Osten un dePazifeschen Ozean, am Süden un d'Ostchineesescht Mier an am Westen un d'Japanescht Mier. Nieft sëllege méi klengen Insele (6848 Stéck[3]) sinn d'Haaptinselen - vun Norden no Süden -Hokkaidō,Honshū (déi gréisst),Shikoku, anKyūshū. Ëm déi 73% vun der Landmass si Bierger. Deen héchsten ass deFujisan mat 3776 Meter[3]. Déi riseg Biergformatiounen aus vulkaneschem Gestengs si knapps fir Landwirtschaft, Industrie oder als Bauland ze gebrauchen. Besidelt sinn haaptsächlech d'Küsteregiounen, wat och eng vun den Haaptursaaachen ass datt Japan eng vun deenen héchste Bevëlkerungsdensitéiten op der Welt huet. Am GroussraumTokio op der Pazifikküst wunnen eleng schonn 30 Millioune Leit.
Et kënnt dofir reegelméisseg zuÄerdbiewen aVulkanausbréch. Vun deene ronn 240Vulkaner sinn der eng 40 aktiv. Besonnesch geféierlech si Séibiewen, déi am schlëmmste Fall enTsunami ausléise kënnen.
D'Monsunsaison fänkt an de südleche Regioune schonn ufanks Mee un. D'Reefront wandert da Richtung Norde virun, an erreecht Enn Juli d'Insel Hokkaidō. De Monsun dauert ongeféier 6 Wochen.
Enn Summer, Ufank Hierscht heefe sech d'Taifunen. Bis zu 20 där tropescher Wirelstierm ploen d'Land pro Saison.
D'Sproochsituatioun a Japan ass eng relativ homogeen.Japanesch, op Japanesch 日本語nihongo, ass d'Nationalsprooch a gëtt vun der Quasitotalitéit vun der Populatioun a vun deene meeschte Minoritéite geschwat. Wéi déi meescht Sproochen huet och d'Japanesch eng sëllege regional Dialekter opweises.
Déi japanesch Sprooch benotzt nieft dechineesesche Schrëftzeechen (Kanji) zwee eege Silbeschrëftsystemer (Hiragana aKatakana), déi vu chineesesche Schrëftzeechen ofgeleet sinn. Stroossen, Garen a.s.w si meeschtens a Kanji an a laténgescher Ëmschrëft (Rōmaji) beschëldert.
D'Ryūkyū-Sproochen, déi gemenkerhand als Ënnergrupp vum Japanesche gesi ginn, ginn hautdesdaags nëmmen nach vun enger Minoritéit zuOkinawa op deRyūkyū-Insele geschwat.
Ainu, eng indigène Minoritéitssproooch déi net mam Japanesche Famill ass, kënnen nëmmen nach vereenzelt eeler Leit am Norde vun der Insel Hokkaido.
Englesch ass nach viruChineesesch déi Friemsprooch, déi am meeschten an de Schoule geléiert gëtt. Allerdéngs gëtt dacks kritiséiert, datt de japaneschen Engleschcours ze vill op d'Bestoe vumTOEIC-Test ausgeriicht ass an net genuch Kommunikatiounsfäegkeete vermëttelt. Déi drëttheefegst Friemsprooch assDäitsch.
Japan gouf mat der Constitutioun vun1947 zu engemlaizistesche Staat an huet mam selwechten Dokument d'absolut Reliounsfräiheet agefouert.
DeBuddhismus an deSchintoismus sinn déi historesch wichtegst Reliounen an hu bis haut groussen Afloss op Kultur a Gesellschaft vum Land. Aus westlecher Perspektiv éischter gelungen ass datt den offizielle Statistiken[4] no eng grouss Majoritéit (iwwer 80%) vun de Japaner net nëmmen zu enger, mä zu en allenzwou gehéiert. Eng Ursaach dofir ass datt de Buddhismus an de Schintoismus an hirer reliéiser a philosophescher Traditioun no beienee leien a sech am Laf vun der Zäit zu enger eegener, typesch japanescher Spirutualitéit vermëscht hunn. De reliéiseSynkretismus erkläert och datt sech d'Iddi vun där enger, exklusiver Relioun ni richteg duerchgesat huet. De Buddhismus an de Schintoismus gehéieren haut zum soziokulturelle Patrimoine vun de Japaner a liewen an der Traditioun vun de gesellschaftleche Gebraich virun. Hochzäite ginn dacks mat enger schintoistescher Zeremonie gefeiert, Doudesritualer wéi d'Begriefnes an d'Gebied fir déi Verstuerwe si meeschtens a buddhistescher Traditioun gehalen.
De Buddhismus, op Japanesch 仏教bukkyo, koum am6. Joerhonnert iwwer den Emwee vu Korea an d'Land. Anescht wéi am Schintoismus gëtt et am Buddhismus eng persounifizéiert Hellegkeet an d'Méiglechkeet nom Doud an d'Paradäis ze kommen. DeSchintoismus, deen aus de japaneschen Urreliounen entstanen ass, baséiert dogéint op der Veréierung vun Naturgottheeten an de Virfueren. Et gëtt iwwer 200 Richtungen.
Zanter dem19. Joerhonnert sinn a Japan eng Hellewull nei reliéis Beweegungen, déi sougenanntNei Reliounen, op Japanesch 新宗教shinshūkyō, entstanen. Déi meescht si vun traditionelle Relioune wéi dem Schintoismus, dem Buddhismus, dem Hinduismus an dem Chrëschtentum beaflosst.
D'Chrëschtentum an den Islam spillen a Japa sou gutt wéi keng Roll.
Japan ass a 47 Prefecturen agedeelt. Administréiert ginn d'Prefecture vu gewieltene Gouverneuren a Parlamenter. Déi eenzel Prefecture sinn nach emol a Gemengen opgedeelt. D'Gemengeversammlunge gi gradewéi d'Prefecturesparlamenter gewielt. D'Gemenge kontrolléieren ë.a. den ëffentlechen Enseignement an hunn d'Recht eege Steieren anzeféieren.
↑Geschat fir den 1. Juli 2008. Quell:stat.go.jp (Juli 2008) Bei der leschter Vollekszielung, den 1. Oktober 2005 goufen 127 767 994 Leit gezielt. Quell:UNO