DeJansenismus ass eng Léier bannent demKatholizismus, déi op deCornelius Otto Jansen (1585-1638),Theolog a Bëschof vunIeper (Ypres) an derGrofschaft Flandern (1636-1638), deemools Deel vun deSpueneschen Nidderlanden, zeréckgeet.
Ënner dem NummJansenius hat de Cornelius Jansen ee grousst theologescht Wierk verfaasst, den "Augustinus", dee 1640, zwee Joer no sengem Doud un der Pescht, erauskoum an an deem hien, op Basis vumHl. Augustinus senger Léier, noweist, datt de Mënsch an a fir sech onfäeg ass, dat Gutt ze maachen, mee wuel amstand ass, schlecht ze handelen. Mä, wann ee vun uewen d'Gnod vu Gott géif kréien, da wier en dozou befäegt, dat Gutt ze maachen. Allerdéngs wier d'Gnod net jiddwerengem ginn. An anere Wierder: et géif eng ZortPredestinatioun vun de Mënsche ginn, déi um Enn gerett ginn (an den Himmel kommen) oder net.
Déi Iddien, déi staark un demJean Calvin seng Predestinatiounsléier errënneren, goufen aFrankräich vumJean Duvergier de Hauranne, Abt vuSaint-Cyran a Beichtvater vun derZisterzienserinnenabteiPort-Royal des Champs (an derVallée de Chevreuse), verbreet. Bekannt Perséinlechkeeten, wéi de Philosoph a MathematikerBlaise Pascal[1] oder den DramaturgJean Racine, goufe mat der Zäit vum Jansenismus beaflosst oder hu sech dozou bekéiert.
Well awer d'Kierch, d. h. an éischter Linn de Poopst, net mam Jansenismus averstane war, gouf dem Jansenius seng Léier1653 als Ierléier verurteelt a verbueden. D'Haaptgéigner vun de Janseniste waren d'Jesuitten.
De KinnekLouis XIV. vu Frankräich huet de Jansenismus och bekämpft, allerdéngs haaptsächlech well e säi Land nom MottoUn roi, une loi, une foi eenheetlech wollt regéieren, a well de Jansenismus déi franséisch Kierch de facto gespléckt huet. D'Abtei Port-Royal, déi als Héichbuerg vum Jansenismus a Frankräöich gegollt huet, gouf zougemaach a1710 zerstéiert.
De Jansenismus huet awer iwwerlieft an huet souguer, am18. Joerhonnert, ganz vill Géigner vun derabsolutter Monarchie vereenegt.
- Louis Cognet,Le jansénisme; Paräis (P.U.F., coll. Que sais-je?), 1961; lafend nei opgeluecht (1996 nach).
- ↑Les Provinciales, eng Apologie vum Jansenismus