De Jaques Anquetil war ee vun de beschte franséische Coureuren a souguer ee vun de beschten iwwerhaapt. De Jacques Anquetil ass Papp vun engem Bouf an engem Meedchen.
De Jacques Anquetil kritt seng éischt Lizenz als Vëlossportler den2. Dezember1950 als Amateur beimA.C. Sotteville. Hien hat fir Dréier an Ajusteur geléiert wou hien och seng Meeschterprüfunge gemaach hat, huet awer haaptsächlech sengem Papp gehollef, dee Gäertner war an eng Äerdbiersziichterei hat.
Als Amateur hat hie 16 Victoiren op sengem Kont, dovu seng éischt um Prix Maurice Latour den3. Mee1951 zuRouen. Am Joer1952 gewënnt hien de Prix de France, den Tour de la Manche an d'franséisch Landesmeeschterschaften op der Strooss.
Duerno ass den Anquetil Profi vun1953 bis1969 a gewënnt 184 Courssen.
Nodeem deMaître Jacques de Vëlo un den Nol gehaangen hat gouf hie Correspondent vun der ZeitungL'Équipe a Beroder opEurope1. Hie war och nachDirecteur de Course beiParis-Nice an amTour Méditerranéen, an e war Member vum Comité vun derFFC. En huet och Reportage fir d'Televisioun gemaach mä seng Haaptbeschäftegung war fir op sengem Bauerebetrib, dem « Domaine des Elfes » (200 ha) beiLa Neuville-Chant-d'Oise, Gentleman-Farmer ze spillen.
Op der Kräizung vun den DepartementsstroossenRD36 anRD938, op der Kopp vun derCôte de la Trinité beiChâteaufort, war amMäerz1989, nom Doud vum Coureur engbronze Sculptur déi de Jacques Anquetil um Vëlo duergetallt huet, opgeriicht ginn. Déi gouf awer séier geklaut a gouf spéider duerch eng Sail ersat wou d'Erënnerungsplack déi Rescht blouf drop festgemaach ass.
D'Monument steet um fréiere Parcours vumGrand Prix des Nations, deen de Jacques Anquetil néngmol gewonnen hat.
« Il faut être un imbécile ou un faux-jeton pour s'imaginer qu'un cycliste professionnel qui court 235 jours par an peut tenir le coup sans stimulants. »