2008 gouf si als Deputéiert an datNeiséilännescht Parlament gewielt. Nom Récktrëtt vum Andrew Little, Enn Juli 2017, gouf si Parteipresidentin vun der Labour Party an domat Oppositiounsleaderin.
Als Folleg vun de Parlamentswale vum 23. September 2017 huet d'Labour Party sech op eng Koalitioun matNew Zealand First an der Ënnerstëtzung vun derGreen Party of Aotearoa New Zealand gëeenegt, an d'Jacinda Ardern gouf Premierministesch.
Den 19. Januar 2023 huet si hire Récktrëtt aus perséinleche Grënn ugekënnegt. Si bleift awer bis de 7. Februar 2023 am Amt.