Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Italien

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwerItalien ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Repubblica Italiana

Italieenesche Fändel

Italieenesche Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch:Italieenesch
(regional ochDäitsch,Franséisch,Ladinesch,Furlanesch aSloweenesch)
Haaptstad:Roum
Staatsform:Republik
 • President:Sergio Mattarella
 • Ministerpresident("Conseilspresident"):Mario Draghi
Fläch:301.338km² (72.)
 • DovuWaasser:2,4 %
Bevëlkerung:60.674.003(2015)(23.)
 • Bevëlkerungsdicht:201,3/km²
Onofhängegkeet:17. Mäerz1861: Vereenegung
2. Juni1946: Republik
Nationalfeierdag:2. Juni
Nationalhymn:Fratelli d'Italia - Inno di Mameli
(Lauschteren)
Wärung:Euro (EUR)
Zäitzon:UTC +1
Internet TLD:.it
Internationalen
Telefonsprefix
:
+39
Regiounen an Italien
Neapel, déi drëttgréisst Stad an Italien

Italien, offiziellItalieenesch Republik (ital.:Repubblica Italiana) ass e Staat aSüdeuropa. Et grenzt am Norden un d'Schwäiz an unÉisträich aSlowenien, am Westen un d'Tyrrhenescht an un d'Ligurescht Mier, am Osten un d'Adria an am Nordwesten uFrankräich. Nieft dem italieenesche Festland gehéieren och d'MëttelmierinselenElba,Sardinien,Sizilien an eng Rëtsch méi klengInsele wéi d'Toskanesch Inselen,Ischia,Capri an d'Liparesch Inselen zu der Republik.San Marino an d'Vatikanstad si politesch onofhängegEnklaven um Territoire vum italieenesche Festland.

Vue iwwer deComer Séi vumSentiero del Viandante vuLierna aus. An der Mëtt vum Bild assBellagio ze gesinn an hanne läitCadenabbia aGriante.

Italien ass e Grënnungsmember vun derEuropäescher Unioun, a vun derNATO a gehéiert zur Grupp vun deG7-Länner.

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

Geographesch gesinn ënnerscheet een:

Ënnerdeelungen

[änneren |Quelltext änneren]

Italien ass politesch an 20 Regiounen (regioni) mat jee enger eegener Regierung agegliddert, déi awer manner Kompetenzen hu wéi d'Bundeslänner an Däitschland oder d'Kantonen an der Schwäiz. Dës Regioune bestinn aus engem Total vun 108 Provënzen, déi hirersäits erëm a Gemengen opgedeelt sinn. Fënnef Regioune profitéiere vun engem extrae Statut, deen hinne méi autonom Kompetenze gëtt (op der Lëscht mat engem Stärche markéiert):

Gréisst Stied

[änneren |Quelltext änneren]

Déi gréisst Stad an Italien ass d'Haaptstad Roum. Den 31. Dezember 2014 waren déi 20 italieenesch Stied mat de meeschten Awunner:

Reliounen

[änneren |Quelltext änneren]

Mat 80,2 %Katholicken a 16,2 % Konfessiounslosen ass Italien e kathoulesch markéiert Land. Nëmmen 3,6 % vun den Awunner gehéieren zu anere Reliounen, dorënner 231.226Zeie vu Jehova a 35.000Judden.

Ekonomie

[änneren |Quelltext änneren]

Tourismus

[änneren |Quelltext änneren]

Vun Touriste staark besicht Stied, Dierfer a Plazen:

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Italien – Biller, Videoen oder Audiodateien
Memberstaate vun derEuropäescher Unioun
Aktuell Memberen
Fréier Memberen
Memberstaate vun derNATO

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Italien&oldid=2598639
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp