Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Isobutan

Vu Wikipedia
Isobutan
Isobutan
Systemateschen Numm (IUPAC)2-Methylpropan
Trivialen NummIsobutan
Cheemesch FormelC4H10
Ausgesinn / Gerochduerchsiichtege Gas
Eegenschaften
Dicht2.70 kg/m3 bei 0 °C, 1013 hPa
Léislechkeet0,049 g/l bei 20 °C (amWaasser)
Molmass58,1 g/mol
Schmëlzpunkt-159.6°C
Kachpunkt-11.7°C
Thermodynamesch Daten
Standard Formatiounsenthalpie
ΔfH0
–134.2 KJ·mol−1
Standardentropie
S0
249.7 J·K−1·mol−1
Verbrennungsenthalpie
ΔcH0
–2869 KJ·mol−1
Weideres
Änlech MoleküllenPentan
n-Butan
Cheemesch FamillAlkanen

Isobutan oder2-Methylpropan ass e ramifiéierteKuelewaasserstoff, deen zu denAlkane gehéiert. D'Famill vun deButane besteet aus zwéinIsomeren, demn-Butan an demIsobutan.

Physikalesch Eegenschaften

[änneren |Quelltext änneren]

Isobutan huet keng Faarf a kee Geroch. En ass ganz liicht ze verflëssege wéinst sengem héije Kachpunkt. E gëtt dofir mat wéineg Drock ënner flësseger Form a Gasfläschen transportéiert.

Cheemesch Eegenschaften

[änneren |Quelltext änneren]

Isobutan brennt un der Loft. Mam Sauerstoff gemëscht ass en explosiv. Bei der Verbrennung entsteetKuelendioxid aWaasser.

2C4H10+13O28CO2+10H2O{\displaystyle \mathrm {2\,C_{4}H_{10}+13\,O_{2}\rightarrow 8\,CO_{2}+10\,H_{2}O} }

Mat den HalogenenChlor aBrom forméiert den Isobutan Substitutiounsproduiten.

Virkommen

[änneren |Quelltext änneren]

Isobutan kënnt amÄerdgas an amPëtrol vir. Donieft entsteet en an de Raffinerien a beimCracking.

Uwendung

[änneren |Quelltext änneren]

Isobutan ass ee vun den Haaptbestanddeeler vumFlësseggas. E gëtt an Drockfläsche gelagert a mamButan gemëscht als Brennes benotzt. Gasfläsche mat Isobutan sollen op kille Plaze lageren a vu liichtentzündlechem Material ewechbleiwen. An derChimie gëtt Isobutan geholl firAlkylatbenzin hierzestellen.

Auswierkungen op d'Gesondheet

[änneren |Quelltext änneren]

A groussen Dose wierkt Isobutannarkotesch.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Isobutan&oldid=2540954
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp