Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Islamesche Staat

Vu Wikipedia
Gebitt ënner IS-Kontroll (rout markéiert)
Schwaarzen dschihadistesche Fändel vum IS

DenIslamesche Staat (IS, bis Juni 2014Islamesche Staat am Irak an a Syrien - ISIS, arabeschDAESH), ass eng zanter 2003 aktivislamistesch Terrororganisatioun mat engemdschihadistesche Staatsbildungsprojet, déi grouss Gebidder amIrak an aSyrien a méi klenger aLibyen beherrscht. Am Mäerz 2015 soll sech hinnen ochBoko Haram aus demNigeria ugeschloss hunn. Si besteet aus ZéngdausendesunittescheMilizionären, déi sech umWahhabismus/Salafismus orientéieren.

Entwécklung

[änneren |Quelltext änneren]

D'Gruppéierung huet an de fréie Jore vumIrakkrich ugefaangen a sech 2004 matAl-Qaida zesummegedoen. Am Februar 2014 huet no engem interne Muechtkampf vun aacht Méint Al-Qaida dem IS de Réck gedréit. Den 29. Juni 2014 huet den IS no der militärescher Eruewerung vun engem zesummenhängende Gebitt am Nordweste vum Irak (HéichbuergMossul) an am Oste vu Syrien (HéichbuergRakka) en alsKalifat bezeechnete Staat ausgeruff.

D'Organisatioun ass och a verschiddenen anere Staaten aktiv an ëmgaachelt potentiell nei Membere fir hireBiergerkrich an aner Aktivitéiten. Si gëtt beschëllegtVëlkermuerd an aner Krichsverbriechen ze begoen, anterroristesch Attentater ze veräntwere wéi z. B. d'Bomm den 31. Oktober 2015 am russesche Fliger iwwer Egypten mat 224 Doudeger oder d'Attentater den 13. November 2015 zu Paräis mat 130 Doudeger.

Zanter August 2014 sinn IS-Truppen d'Zil vunUS-amerikanesche Loftugrëffer, deene sech an de Méint drop eng sëllegen aner manner aktiv Länner ugeschloss hunn. Vu September 2015 u flitt ochRussland Loftugrëffer, ouni formell der Koalitioun unzegehéieren.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Islamesche Staat – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Islamesche_Staat&oldid=2383997
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp