Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Internet

Vu Wikipedia

D'Internet (Ofkierzung firInterconnected Networks) ass e weltwäiten Zesummeschloss vuComputernetzwierker déi op de verschiddenstenTechnologië berouen, an deen d'Benotze vunInternetdéngschter wéiWWW,E-Mail,Telnet,Usenet anFTP erméiglecht a sou derKommunikatioun an dem Austausch vunInformatioun déngt. Dat Netz vun Netzer kënnt dem Benotzer awer wéinst enger komplexer Internet-Software, déi all Detailer verstoppt, als eenheetlecht homogeent Netz vir. Dofir gëtt och dacks vun engemvirtuellen Netz geschwat.

Iertemlecherweis gëtt d'Wuert "Internet" dacks alsSynonym fir deWorld Wide Web benotzt, deen awer just ee vu ville Servicer vum Internet ass.

Gebuertsstonn vum Internet

[änneren |Quelltext änneren]

Gebuertsstonn vum Internet geet zeréck op1969, wéi véier amerikaneschUniversitéiten (Stanford Universitéit,Santa Barbara,Los Angeles anUtha) matenee vernetzt goufen. Dat Netz war ënner dem NummARPANET bekannt a gouf vun derAdvanced Research Projet Agency (ARPA) vum amerikanesche Verdeedegungsministère ënnerstëtzt. D'ursprénglecht Zil vum Projet stoung am Hannergrond vumKale Krich, fir eeverdeelte Kommunikatiounssystem opzebauen, dat am Fall vun engem Atomkrich eng Kommunikatioun ouni Stéierungen erlabe géif. D'ARPANET ass séier gewuess a gouf scho gläich drop an ee militärescht benotzt a wëssenschaftlecht, zivil benotzt Netz opgedeelt. Nodeem1983 dunn d'ARPANET op d'TCP/IP Protokollfamill adaptéiert ginn ass, huet lues a lues sech och den Numm Internet duerchgesat.

Zanter ufanks der1990er Joren, huet awer deWorld Wide Web an déi éischt einfach benotzbar grapheschWebbrowseren dem Internet zu sengem risegem Erfolleg a weltwäiter Verbreedung verhollef.

Opbau a Funktiounsweis vum Internet

[änneren |Quelltext änneren]
Schemateschen Opbau vum Internet

Computere loosse sech zu Netzwierker zesummeschléissen. Sou Netzer sinn ënner anerem:

  • Firmenetzwierker, iwwer déi d'Computeren aus enger Firma verbonne sinn,
  • Providernetzwierker, un deenen d'Computere vun de Clientë vun engemInternet Service Provider ugeschloss sinn oder
  • Universitéitsnetzwierker.

Dës Netzwierker ginn no hirer raimlecher Ausdeenung klassifizéiert:

  • Lokal Netzer (Local Area Networks, LAN) gi just iwwer kleng Distanzen a sinn an der Reegel privat Netzer. Si hunn eng symmetresch Struktur a baséieren allgemeng umBroadcasting-Prinzip. Wichteg Technologien am LAN-Beräich sinnEthernet oder zum BeispillToken Ring.
  • Wäitverkéiersnetzer (Wide Area Networks, WAN) iwwerbrécke gréisser Distanzen a sinn allgemeng op Netzwierkbedreiwer ugewisen. Si besëtze meeschtens eng irregulär Struktur a baséieren op derStore-and-Forward Switching Method. Vertrieder am WAN-Beräich sinn zum BeispillATM oderISDN.

Gi verschidden Netzer zesummegeschalt, sou entsteet een Internet. Zesummeschalte vun Netzer weltwäit bezeechent een dann als d'Internet. Dës Zesummeschaltung geschitt iwwer Vermëttelungscomputeren oderRoutere genannt. Si hunn unhand vun enger eendeiteger Adress ze decidéieren iwwer wat fir ee Wee eng Noriicht weidergeleet gëtt.

Pakvermëttelung

[änneren |Quelltext änneren]

Allgemeng gëtt eng Noriicht a Päck vun enger bestëmmte Gréisst opgedeelt (Fragmentéierung), déi dann eenzel an onofhängeg vun eneen iwwer d'Netz transportéiert ginn. Dobäi kënnen dës Päck iwwer ganz verschidde Weeër zum Destinataire geroden, deen dann Noriicht nees muss zesumme setzen. Sou huet all Benotzer ee gläichfairen Zougrëff op d'Netz an 't ass eng héich Ausfallsécherheet garantéiert. Duerch d'Verschécke vu klenge Päck kënnen Iwwerdroungsfeeler séier erkannt ginn a bei Bedarf musse just déi feelerhaft Päck nei verschéckt ginn.

Internetworking

[änneren |Quelltext änneren]

Déi héich komplizéiert Technologie, déi et fäerdeg bréngt fir déi verschiddenstHardware-Technologië a Prinzipie mateneen ze verbannen, datt eng Noriicht iwwerdroe ka ginn, gëtt alsInternetworking bezeechent a baséiert op enger Rei vuKommunikatiounsprotokollen. Dës Protokoller bauen op enger Partie vu streng festgeluechte Reegelen op a ginn no engemSchichtemodell kassifizéiert. All Schicht aus dësem Modell adresséiert e bestëmmten Deelproblem vun der Kommunikatioun. Am Internet schwätzt ee vumTCP/IP-Protokollstapel.

E puer Internetservicer

[änneren |Quelltext änneren]
ServiceProtokollProtokoll-Beschreiwung
NummopléisungDomain Name Service (DNS)Déngt zur Opléisung vun Nimm (z. B. lb.wikipedia.org) anIP-Adressen
World Wide Web (WWW)Hypertext Transfer Protocol (HTTP)Déngt zur Iwwerdroung vuWebsäiten
Elektronesch Post (E-Mail)Simple Mail Transfer Protocol (SMTP),
Post Office Protocol (POP)
Interactive Mail Access Protocol (IMAP)
Déngt zum Verschécken an empfänke vun elektronesche Bréiwer
DateitransferFile Transfer Protocol (FTP)Déngt zur Iwwerdroung vun Dateien
Remote LoginTelecommunications Network Protocol (Telnet)
Secure Shell (SSH)
Déngt zur Benotzung vu Computeren aus wäiter Distanz

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Internet – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Internet&oldid=2497223
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp