


ISEE-3 (InternationalSunEarthExplorer-3) spéider ëmgenannt anICE (InternationalCometaryExplorer) sinn d'Nimm vun enger US-amerikanescherRaumsond, déi tëscht1978 an1997 zu der Erfuerschung derÄerd, derSonn und vuKoméite aktiv war.
Ënner dem Numm „International Sun-Earth Explorer“ (ISEE, op Lëtzebuergesch: Internationaale Sonn- an Äerdfuerscher) war den22. Oktober1977 mat engerDelta 2914 vun derNational Aeronautics and Space Administration an derEuropäesch Weltraumorganisatioun gestart ginn. Déi béidSatellitten „ISEE-1“ (och „ISEE-A“ an „Explorer 56“; US-amerikanesch mat europäescher Bedeelegung) an „ISEE-2“ (och „ISEE-B“; europäesch mat US-amerikaneischer Bedeelegung) sinn zesummen op déi selwecht elliptesch Äerdëmlafbunn bruecht ginn.[1] Zil war d'Erfuerschung vum Äerdmagnéitfeld.
Héichpunkt vum Programm war allerdéngs d'Raumsond „ISEE-3“ (och „ISEE-C“ an „Explorer 59“). Dës Sond gouf den12. August1978 mat enger Delta 2914-Rakéit an enHalo-Orbit ëm deLagrange-Punkt (Libratiounspunkt) L1, 1,5 Millioune km vun der Äerd ewech bruecht. Vun hei aus sollt „ISEE-3“ d'Wiesselwierkung vum Äerdmagnéitfeld mat der Sonn erfuerschen.
Virum Besuch vumHalleyesche Koméit am Joer1986, haten d'NASA an d'ESA ufanks eng kollektiv Missioun beschloss. Jiddwer Weltraumorganisatioun sollt eng Sond fortschécken. Mä op Grond vu Budgetkierzunge gouf d'NASA-Sond1981 gestrach (déi europäesch Sond warGiotto). Fir bei der Erfuerschung vun dësem Koméit net den Europäer, Russen a Japaner d'Feld iwwerloossen ze brauchen, hat d'NASA sech no engem méi bëllegen Ersatz ëmgesinn. „ISEE-3“ war eng Sond, déi eng geeegent Ausrëschtung u Bord hat. Sou gouf d'Sond vun hirem Halo-Orbit um L1 ofgezunn an an e puer komplexe „gravity assist“-Manöver unÄerd aÄerdmound laanscht gesteiert. Duerno hat d'Sond genuch Vitess, fir d'Äerdschwéierfeld ze verloossen. Déi 480 kg schwéier Sond krut duerno en neien Numm: „International Cometary Explorer“ (ICE; am letz. ongeféier: Internationaale Koméitefuerscher).
„ISEE-3“ reso. „ICE“ war a viller Hisiicht e Pionéier: Si war déi éischt US-Sond mat europäescher Bedeelegung – spéide Standard. Si war déi éischt Sond an engem Orbit ëm L1 an och als éischt an der Géigend vun L2 – vun den 90er Jore Standardpositioune fir Sonde. A si war déi éischt Sond, déi laanscht e Koméit geflunn ass. Dëse Fluch laanscht e Koméit bestëmmt ë. a., datt Koméite haaptsächlech aus Waasseräis, awer och aus Gase, organesche Molekülle a Stëbs bestinn. Am Joer2014 däerft „ICE“ och déi éischt „doudeg“ Sond sinn, déi an d'Äerdschwéierfeld zeréckkënnt – an domat gebuerge ka ginn.