Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Instagram

Vu Wikipedia
Instagram
Grënnungsdatum6. Oktober2010
GrënnerKevin Systrom, Mike Krieger
SëtzSan Francisco
BesëtzerMeta Platforms
Homepagehttps://www.instagram.com/

Instagram ass esoziaalt Netzwierk, op deem d'Benotzer Fotoen a Videoe kënnen deelen. Et gehéiert der US-amerikanescher EntrepriseMeta Platforms, zu där ënner anerem ochFacebook aWhatsApp gehéieren.

D'Netzwierk gouf am Oktober 2010 vum Kevin Systrom a Mike Krieger fir d'BetribssystemiOS gegrënnt an ass séier populär ginn. No zwéi Méint hat Instagram schonn zwou Millioune Benotzer, no engem Joer 10 Milliounen, an am Juni 2018 haten eng Milliard Mënschen e Profil op Instagram.

Facebook Inc., wéi Meta Platforms deemools geheescht huet, huet Instagram am Abrëll 2012 fir eng Milliard US-Dollar opkaaft. Am selwechte Mount gouf engAndroid-Versioun lancéiert, an 2016 engApp firWindows 10.

Obwuel Instagram och fir säi Succès an Afloss bewonnert gëtt, gëtt d'Plattform och fir säin negativen Afloss op d'mental Gesondheet besonnesch bei Jugendleche kritiséiert,[1][2] a fir presuméiertZensur.[3][4][5]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Instagram – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. northeastern.edu:Why does Instagram have a negative effect on teenagers’ mental health? vum Molly Callahan (20. September 2021)
  2. washingtonpost.com:For teens, navigating the mental health pitfalls of Instagram is part of everyday life vum Tatum Hunter (21. Oktober 2021)
  3. onlinemarketing.de:Das Problem mit der Zensur: Diese eigentlich harmlosen Bilder hat Instagram verbannt vum Tina Bauer (11. Oktober 2017)
  4. dw.de:Zensiert Instagram irankritische Beiträge? vum Shabnam von Hein (4. Juli 2022)
  5. sueddeutsche.de:Ästhetik der Zensur vum Michael Moorstedt (11. Juli 2022)
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Instagram&oldid=2655888
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp