Topographesch-bathymetresch Kaart DenIndeschen Ozean (kuerz:Indik , opindoneesesche Kaarten ochIndoneeseschen Ozean genannt) ass mat 74,9 Milliounekm² (zirka 14,7 % vun derUewerfläch vun derÄerd ) den drëttgréisstenOzean op der Äerd. Seng déifst Plaz ass 8047 Meter ënner dem Niveau vum Mier.E grenzt un d'Antarktis , denafrikaneschen ,asiateschen an denaustralesche Kontinent a faasst e Volume vun zirka 291,9 Mio km³.
Zu den Niewemierer gehéieren d'Andamanemier , d'Arabescht Mier , deGolf vu Bengalen , d'Grouss Australesch Bucht , deGolf vun Aden , deGolf vum Oman , deKanal vu Mosambik , dePersesche Golf , d'Rout Mier an d'Strooss vu Malakka .
Kaart vum Indeschen Ozean Am Indeschen Ozean leien d'InselstaatenIndonesien ,Madagaskar aSri Lanka . Eegestänneg Inselgruppe sinn d'Komoren (mam franséischen Departement vun déi Säit dem MierMayotte ), d'Seychellen ,Sansibar (mat der InselPemba ) an d'Malediven . D'Inselgrupp vun deMaskarenen setzt sech zesummen ausMauritius mat der InselRodrigues an dem franséischen IwwerséidepartementLa Réunion .
D'InselgruppSokotra gehéiert zu der RepublikJemen . Den indeschen UniounsterritoireAndamanen an Nikobaren besteet aus den InselgruppenAndamanen anNikobaren . D'InselgruppeLakkadiven anAmindiven an och d'InselMinicoy bilden zesummen den indeschen UniounsterritoireLakshadweep .
DeChagos-Archipel mat der HaaptinselDiego Garcia ass de leschteBritteschen Territoire am Indeschen Ozean . D'InselPhuket gehéiert zuThailand .
Zu Australie gehéieren d'Chrëschtdagsinsel , d'Kokosinselen , d'Heard- a McDonald-Inselen , d'Ashmore- a Cartier-Inselen .
Zum Indeschen Ozean gehéiere weiderhin d'Franséisch Süd- an Antarktisterritoiren Kerguelen .
Peter Lehr:Region Indischer Ozean - Illusion oder Realität? Heidelberg, 2004 Stephan Conermann (Hg.):Der Indische Ozean in historischer Perspektive , EB-Verlag, Hamburg 1998 (= Asien und Afrika 1),ISBN 3-930826-44-5