 | DëseGeographiesartikel iwwerRussland ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ijewsk (russ. Ижевск, udmurt. Иж) ass d'Haaptstad vun der RepublikUdmurtien aRussland. Si läit um Uwänner vun derIj, engem Niewefloss vun derKama, um hallwe Wee tëschtKasan aPerm. Si huet bal 650.000 Awunner (Stand 2016), an ass vun der Waffenindustrie geprägt.
Net wäit ewech vun der Plaz vun der spéiderer Stad gouf Eisenäerz fonnt, dobäi koum nach datt d'Ij sech fir Waasserkraaft staue geloosss huet, sou datt 1760 eng Schmelz gebaut gouf an déi éischt Aarbechterhaiser den UertIjewski (Ижевский) gebilt hunn. 1807 koum op Bedreiwe vum ZarAlexander I. eng Waffefabrik derbäi (hautIjmasch). 1918 krut den Uert d'Stadrechter a säin haitegen Numm, dräi Joer drop gouf en d'Haaptstad vun Udmurtien. Kuerzzäiteg vun 1984 bis 1987 housch d'StadUstinow (Устинов) zu Éiere vum verstuerwene MarschallDmitri Ustinow.
Et verwonnert net, datt deJewgeni Dragunow vun Ijewsk ass, an deMichail Kalaschnikow vun 1949 u bis zu sengem Doud hei gelieft huet.
Méchelskathedral
Alexander Newski-Kathedral
Metallskulptur op der Haaptplaz vun der Stad
Digue vum Ijewsker Stauséi
Ijmasch Musée
Ijewsker Zoo
Kaart vun der Stad