Huy läit am Dall vun derMeuse op hallwem Wee tëschtLéck anNamur, op enger Héicht vu ronn 75 Meter. Huy gëtt vun der Meuse an zwee gespléckt.
Um rietsen Uwänner läit d'Alstad, déi dominéiert gëtt vun der Festung, derCitadelle de Huy, déi op um ëstlechen Ausleefer vun der laangezunnener Kopp, demMont Picard läit.
Um lénksen Uwänner an engem grousseMeander dee praktesch en Hallefkrees mécht läit de FaubourgStatte.
DenAnsfrid, de leschte Grof vu Huy huet985 seng Grofschaft dem Prënz-BëschofNotger vu Léck vermaach.
Am Joer1066 huet de Lécker BëschofTheoduin vu Bayern e Fräiheetsbréif ginn. Dëse Fräiheetsbréif ass haut dat eelst Dokument an deem Sënn, an Europa dat erhale blouf. Et war just eng Konditioun domat verbonnen, an déi war datt d'Hutois, also Leit vu Huy, sech missten un de Käschte vum Bau vun derCollégiale bedeelegen.
1235 kruten d'Awunner vu Huy dunn och nach d'Recht zwéi Buergermeeschteren, e Gemengerot an d'Vertrieder vun de Stänn ze wielen.
Huy war ëmmer e Sträitapel tëscht deFransousen an dem Fürstebistum Léck. D'Stad gouf méi wéi eng Kéeir a Kricher verwéckelt, d'Festung huet dacks de Proprietär gewiesselt, a gouf e puermol ofgerappt an erëm opgeriicht.
Dat schlëmmst war awer wéi1689 deLouis XIV. den Uerder ginn huet d'Stad nidderzebrennen. Aachthonnert Haiser an zwou Kierche si verbrannt ginn. D'Wéngerten an den Häng ronderëm goufen dobäi och zerstéiert, an domat de Revenu vum Verkaf vun enger hallwer Millioun Litere Wäin am Joer.
Vu1717 un hat Huy du seng Rou bis1814 wou et ënner den Attacke vun den deemolegen Alliéierten ze leiden hat, an 100 Joer méi spéit wéi et vun derdäitscherArméi iwwerfall gouf.