D'Berliner Humboldt-Universitéit (op Däitsch:Humboldt-Universität zu Berlin, kuerz:HU Berlin), ass déi eelst a gläichzäiteg déi zweetgréisst Universitéit zuBerlin. Hiren Haaptsëtz huet se an der StroossUnter den Linden. De Virgänger vun der Humboldt Universitéit (Alma Mater Berolinensis) huet 1810 ugefaangen z'ënnerriichten.
De 16. August 1809 huet de praisesche KinnekFriedrich Wilhelm III. op Initiativ vum liberale BildungsreformerWilhelm von Humboldt eng Universitéit zu Berlin gegrënnt. 1810 huet d'Berliner Universität ("Alma Mater Berolinensis") ugefaange Studenten z'ënnerriichten. Vun 1828 bis 1945 huet seFriedrich-Wilhelms-Universität geheescht. 1949 ass se dunnHumboldt-Universität zu Berlin genannt ginn.
1810 huet déi deemoleg Berliner Universitéit mat 256 Studenten an 52 Professeren ugefaangen, z'ënnerriichten. D'Fächer waren a verschidde Fakultéiten ënnerdeelt. Dat ware Jura, Medezin, Philosophie an Theologie. Naturwëssenschafte waren z. B. en Deel vun der Philosophescher Fakultéit. Den éischten Direkter war denTheodor Schmalz.
Fir d'Grënnung vun der Universitéit gounge virun allem wesentlech Impulser vu bedeitende Wëssenschaftler aus. Haaptsächlech awer vum TheologFriedrich Schleiermacher an dem PhilosophJohann Gottlieb Fichte.
Dem Wilhelm von Humboldt säin héchst Zil war et, en neit Bildungssystem an Däitschland anzeféieren.
Virun allem Naturwëssenschaftler si bekannt ginn. Dat war an der Chimie denAugust Wilhelm von Hofmann. An der Physik denHermann von Helmholtz. Bei de Mathematiker sinn et der e puer méi ginn: denErnst Eduard Kummer, deLeopold Kronecker, deKarl Weierstraß. An der Medezin war et deJohannes Peter Müller, denAlbrecht von Graefe, deRudolf Virchow an deRobert Koch.
1908 kruten d'Fraen d'Recht studéieren ze goen. Virdru sinn et just e puer Eenzelfäll ginn,Doktorantinne mat enger Ausnamegenehmegung. Déi éischt Fra, déi do studéiert huet, war d'Elsa Neumann, an zwar an der Physik 1899. Déi éischt Professorin, déi un der Uni dozéiert huet, war d'MikrobiologinLydia Rabinowitsch-Kempner.
Nom Zweete Weltkrich ass d'Universitéit erëm nei opgaangen, am Ufank awer nëmmen mat 7 Fakultéiten, vun deenen der nach eng Rei an zum Deel vum Krich zerstéierte Gebaier ënnerbruecht waren. Fir de politesch a rassistesch verfollegte jonke Leit eng Chance ze ginn, gouf eng Firstudienustallt ageriicht. Déi Leit hate wärend demNationalsozialismus keng Méiglechkeet sech weider ze bilden.
De kommunisteschen Afloss gouf méi grouss. Et si Studenteprotester entstanen. Verschidde Schüler goufen dunn vun der sowjetescher Geheimpolice matgeholl. Duerch d'Deelung vu Berlin huet sech d'Uni dauerhaft an zwou separat Unie gedeelt.