DëseGeographiesartikel iwwerChina ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hong Kong (chin. 香港 Xiānggǎng; opLëtzebuergesch: Hafen dee gutt richt; Kantonesesch: Heunggong) ass eng Verwaltungszon mat Sonnerstatut vun der VolleksrepublikChina.
Se läit op der chineesescher Südküst. De Finanz-, Geschäfts- a Kulturzentrum assVictoria City. Déi gréisst Stad um ganze Gebitt assKowloon. Den Territoire besteet aus enger Hallefinsel, a méi wéi 200Insele ronderëm. Fréier war dësen Territoire engKolonie vun derbrittescher Kroun. En ass den1. Juli1997 vertragsgeméiss zeréck u China gefall, a steet haut ënner enger besonnescher chineesescher Verwaltung.
No där vumDeng Xiaoping entwéckelter DoktrinEe Land, zwéi Systemer bleift datdemokrateschtmaartwirtschaftlecht System vun Hong Kong op d'mannst 50 Joer nieft demkommunistesche System vun der Volleksrepublik China bestoen, sou datt d'Roll vun Hong Kong als groussenasiatesche Finanzzentrum geséchert bleift. DéiAutonomie erlaabt Hong Kong zwar seng eege Gesetzer, en eegenenDouanestarif a seng eegeWärung ze hunn, wat awer net verhënnert, datt d'Regierung vuPeking heefeg an d'Innepolitik agräift. Sou gëtt z. B. den ieweschte Verwaltungschef vun engem Walgremium gewielt, deem seng Zesummesetzung vun der Volleksrepublik China bestëmmt gëtt.