Homs (opArabesch: حمصḤimṣ), fréierEmesa genannt (opGriichesch:Ἔμεσα Emesa), ass eng Stad am Weste vuSyrien. Si läit 501 m iwwer dem Mier um FlossOrontes an 162km nërdlech vunDamaskus. Homs mécht de Lien tëscht de Stied op der syrescher Küst mat de Stied am Banneland.
Virum syresche Biergerkrich war Homs e wichtegen Industriezentrum, a mat iwwer 650.000 Awunner(2004) noAleppo am Norden an der Haaptstad Damaskus am Süden déi drëttgréisst Stad a Syrien. D'Bevëlkerung huet déi allgemeng reliéis Diversitéit a Syrien reflektéiert, matSunitten,Alawiten a Chrëschten. Et gëtt eng Rei historeschMoscheeën aKierchen an der Stad a si läit no beim SchlassKrak des Chevaliers, engemWeltkulturierwen.
Homs gëtt eréischt am1. Joerhonnert, zur Zäit vun deSeleukiden, fir d'éischt ernimmt. Spéider ass se d'Haaptstad vun engem Kinnekräich ënner der Emesani-Dynastie ginn, déi der Stad hiren Numm ginn huet. Homs dat ursprénglech en Zentrum fir d'Veréierung vum SonnegottElagabal war, krut spéider ënner deByzantiner amChrëschtentum méi Bedeitung. Homs gouf am7. Joerhonnert vun de Moslemen eruewert, déi se zur Haaptstad vun engem Distrikt mam selwechten Numm gemaach hunn. Wärend der islamistescher Period hu mosleemesch Dynastien, déi ëm d'Kontroll vu Syrie gekämpft hunn, probéiert, Homs wéinst senger strategescher Positioun ze kontrolléieren. Ënner denOsmanen huet Homs u Bedeitung verluer an eréischt am19. Joerhonnert huet d'Stad hir wirtschaftlech Bedeitung, mat enger rasanter Entwécklung vun derKottengsindustrie, erëmkritt. Zur Zäit vum franséische Mandat war Homs en Zentrum fir den Opstand géint d'Fransousen, an no der Onofhängegkeet 1946 en Zentrum vum Widderstand vun derBaath-Partei géint déi éischt syresch Regierungen.
Am syresche Biergerkrich war Homs eng Festung vun der Oppositioun. Dowéinst huet d'syresch Regierung am Mee 2011 e militäreschen Ugrëff op d'Stad lancéiert. Bei der Belagerung duerno, déi bis Mee 2014 gedauert huet, gouf d'Stad gréisstendeels zerstéiert an et gouf Dausende vun Doudegen.[1] De Krich an der Stad ass 2015 op en Enn gaange, wéi d'Rebellen d'Stad verlooss hunn an d'Stad erëm an ënner d'Kontroll vun der Regierung gefall ass.
Virum Krich gouf d'Bevëlkerung vun Homs op ronn 800.000 bis 900.000 Awunner geschat.