Holland ass den europäeschen Deel vumKinnekräich vun den Nidderlanden, dat nieft Holland nach aus den dräi IwwerséigebidderCuraçao,Sint Maarten anAruba besteet. D'IwwerséigebidderBonaire,Saba aSint Eustatius gehéieren zu Holland. An der Ëmgangssprooch ass matHolland dacks - och hei - dat ganzt Kinnekräich gemengt.
Holland ass eng parlamentaresch Demokratie ënner engem konstitutionelle Monarch, am Nordweste vunEuropa. Et ass am Norden a Weste vumNordmier begrenzt, am Süde vun derBelsch an am Oste vunDäitschland. Et ass ee vun den am dichtste besidelte Staate vun der Welt.
Holland huet eng Fläch vun 41.543 km², dovunner 33.647 km² Land a 7.896 km² Waasser.[2]
Ongeféier d'Hallschent vum Land läit op enger Héicht vu manner wéi engem Meter iwwer demMieresspigel a ronn ee Véirel drënner. Déi flaach Gebidder ginn an der Reegel duerch Däicher virun de Stierm mat héije Wellen (Stuermfluten) geschützt. Zesummen hu si eng Längt vu ronn 3.000 km. Den héchste Punkt vum Festland, deVaalserberg, ganz am Süden amDräilännereck mat Däitschland an der Belsch, läit 322,50 m iwwer demAmsterdamer Peegel.
Grouss Deeler vun Holland, wéi z. B. bal déi ganzProvënz Flevoland, goufen dem Mier ofgeknäppt an urbar gemaach. Dës nennt eePolder oderKoog. Ongeféier ee Fënneftel vun der Landesfläch besteet aus Waasser. D'IJsselmeer mécht dovun de gréissten Deel aus; et ass eng fréier Bucht amNordmier mam NummZuiderzee, déi 1932 mat engem 29 km laangenDäich agepoldert gouf.
Déi wichtegst Flëss an Holland sinn deRhäin, deWaal (eigentlech een Aarm vum Rhäin), d'Meuse an d'Schelde. Si bilden zesummen ee risegenDelta a fléissen haaptsächlech an Ost-West-Richtung an d'Nordmier. De Rhäin an d'Meuse schneiden d'Land praktesch horizontal an zwéin ongläich Deeler.
Holland zielt mat ongeféier 434 Awunner pro Quadratkilometer zu den am dichtste besidelte Staate vun der Welt (als Vergläich:Nordrhein-Westfalen 530,Däitschland 231,Monaco 16.923,Namibia 2,4)[4]. Am Januar 2025 hat Holland 18.046.000 Awunner, dovun huet ongeféier d'Hallschent an derRandstad, dem dicht bevëlkerte Weste vum Land, gewunnt.
Hollännesch ass déi offiziell Sprooch am ganze Staat, och wann et an dëser Bezéiung keng gesetzlech Bestëmmunge gëtt. An derProvënz Frisland ass zousätzlech dat staark änlechtWestfrisescht d'Verwaltungssprooch.
Donieft gëtt etDialekter. An den Iwwerséigebidder vun Holland (an der Karibik) ass Hollännesch déi offiziell Sprooch, nieftPapiamento oderEnglesch. Eng vum Hollänneschen ofgeleet Sprooch ass d'Afrikaans aSüdafrika.
D'Hollänner si statistesch gesinn déi gréisst Leit vun der Welt, mat engem Duerchschnëtt vun 1.83 m (Männer) a 1.72 m (Fraen).
Der Zuel vu Memberen no (Stand: 31.12.2005) sinn déi zwou gréisst Kierchen déiRéimesch-kathoulesch Kierch an Holland (4,4 Millioune Memberen, 27 % vun der Bevëlkerung) an d'Protestantesch Kierch an Holland (Protestantse Kerk in Nederland, PKN) (1,9 Millioune Memberen, 12 % vun der Bevëlkerung). Déi aner Kierche sinn däitlech méi kleng a stellen all manner wéi ee Prozent vun der ganzer Populatioun duer.
Bis an d'1960er Jore war d'Majoritéit vun der Bevëlkerung (55-60 %) protestantesch, wat hei virun allemcalvinistesch bedeit. Eng grouss Minoritéit (bis 40 %) war kathoulesch. De Norden a Weste vum Land ass traditiounsgeméiss protestantesch, wärend am Süden an Osten d'Katholicken op der éischter Plaz sinn. An der Mëtt vum Land gëtt et de sougenannteBijbelbelt (Bibelceinture) mat engem méi héijen Undeel vu strenggleewege Calvinisten.
Holland huet e liberale Wirtschaftssystem, dee gutt funktionéiert. Zanter den1980er Joren, sou gëtt allgemeng behaapt, huet d'Regierung manner an d'Wirtschaft agegraff. Et stëmmt awer datt d'Salariat sech op d'Awierkung vun der Regierung, a senge Lounfuerderungen zeréckgehalen huet. D'Aarbechtslosequot ass relativ kleng, allerdéngs gëtt et wéinst hirem System vun Aarbechtsonfäegkeetsversécherung eng net onbedeitend verstoppt Aarbechtslosegkeet.
Bei der industrieller Produktioun dominéieren d'Liewensmëttel- an d'cheemesch Industrie, d'Pëtrolsraffinerien an d'Produktioun vun elektreschen Apparater.Laang viru sengen europäeschen Nopere war d'Land ëm en equilibréierte Budget beméit an huet mat Succès d'Stagnatioun um Aarbechtsmaart verhënnert.
Déi modern a staark technesch entwéckeltLandwirtschaft ass aussergewéinlechproduktiv: nieftWeess-,Geméis-,Uebst- aSchnëttblummenubau - d'Tulpenziichterei huet souguer d'Geschicht vum Land beaflosst - gëtt d'Mëllech- an d'Véiwirtschaft staark bedriwwen. Si liwwert de Kéis, e wichtegt Exportprodukt vun Holland. Holland ass, no denUSA aFrankräich, weltwäit den drëttgréissten Exportateur vu landwirtschaftleche Produkter.
Als Matgrënner vun derEuro-Zon huet Holland seng Wärung, deGulden, den1. Januar1999 an de Bankgeschäfter duerch den Euro ergänzt. Dräi Joer méi spéit, den 1. Januar2002, koumen d'Euromënzen a -Schäiner an Ëmlaf.
Wann d'hollännesch klassesch Musek laang net de selwechten Niveau wéi an anere westlechen europäesche Länner erreecht huet, dann huet sech dach géint d'Enn vum19. Joerhonnert an Holland e méi staarke Professionalismus duerchgesat a vill Orchesteren a Museksensemble sinn entstanen.
No der Opdeelung vumFrankeräich hunn déi "nidderech Länner" (niederen Lande) zum ostfränkesche Kinnekräich (Regnum Teutonicae) an duerno zumHellege Réimesche Räich gehéiert. Ënner dem KeeserKarl V., dee gläichzäitegspuenesche Kinnek war, gouf d'Land asiwwenzéng Provënzen opgespléckt an huet och déi haiteg Belsch a Lëtzebuerg, mat Ausnam vumFürstenbistum Léck, an Deeler vun Nordfrankräich a Westdäitschland abegraff. De 15./16. Juli1572 koumen d'Vertrieder vun de meeschte Stied vum haitegen Holland zuDordrecht (am Gebai „Het Hof“) zesummen an hunn hir Onofhängegkeet vu Spuenien decidéiert. Si hunn deWëllem vun Oranien zu hirem Spriecher gemaach. No der definitiver Onofhängegkeetserklärung vun de siwen nërdleche Provënzen (Allianz vun Utrecht) vum23. Januar1579 amAchtzegjärege Krich géint de spueneschen Habsburger, deen duerno koum, gouf déi formell Onofhängegkeet vuSpuenien amFridde vu Münster de15. Mee 1648 bekräftegt. Deen Datum gëtt als Gebuertsstonn vun Holland vun haut betruecht.
Duerno huet Holland oder („de nederen duitsche landen”) sech alsRepublik vun de Siwe Vereenegte Provënzen zu enger vun de gréisste Séi- a Wirtschaftsmuechte vum17. Joerhonnert entwéckelt. An där Zäit goufeKolonien an Handelspaarten op der ganzer Welt opgeriicht. Bekannt ass d'Grënnung vun Nei Amsterdam (Nieuw Amsterdam), dat spéider an "New York" ëmgedeeft ginn ass. An Asien hunn d'Hollänner hiert Kolonialräich Nidderlännesch-Indien (Nederlands-Indië) dat haitegtIndonesien, opgebaut, dat am Dezember 1949 onofhängeg ginn ass. Och am nordëstleche Südamerika (Surinam) an an derKaribik sinnHollännesch Kolonien:Aruba,Bonaire,Curaçao,Saba,Sint Eustatius aSint Maarten entstanen; déi Inselen,Aruba a d'Nidderlännesch Antillen (déi fënnef aner Inselen), bilden haut een autonomen Deel vun der hollännescher Monarchie. Dat ass de Grond, firwat dat hollännescht Kinnekräich(„Koninkrijk der Nederlanden“) offiziell aus dräi Deeler besteet: Holland,Aruba an d'Hollännesch Antillen.
1796 gouf mat franséischer Hëllef d'Batavesch Republik (benannt nom germanesche Stamm vun deBataver, deen dat Gebitt tëscht demRhäin an derMeuse fir d'éischt besidelt hat) gegrënnt.1806 huet denNapoleon I. doraus d'Kinnekräich Holland gemaach, dat e sengem BrudderLouis, uvertraut huet. Ënner dem Kinnek Louis sinn eng Partie wichteg Reformen oder Innovatiounen an Holland agefouert ginn. Wéinst ë. a. der Kontinentalblockad, déi vun den Hollänner nëmme schwéier bis widderwëlleg agehale gouf, gouf Holland 1810 an dat franséischt Keeserräich integréiert an deemno direkt vum Napoleon regéiert.
Den hollännesche Kinnek war gläichzäiteg, als Prënz vun Oranien-Nassau, Groussherzog vuLëtzebuerg, wou d'Lex Salica (no där keng weiblech Persoun op den Troun duerft kommen) gegollt huet. Wéi deWëllem III. bei sengem Doud1890 nëmmen eng Duechter (d'KinniginWilhelmina) hannerlooss huet, ass de Lëtzebuerger Troun, nomNassauer Familljepakt, un déi aner Linn amHaus Nassau, um Wëllem säiKosengAdolf vun Nassau iwwergaangen.
AmÉischte Weltkrich war Holland offiziell neutral. Seng Truppe blouwen awer bis zum Enn vum Krich mobiliséiert. Wéi dunn den Däitsche KeeserWilhelm II. huet missen ofdanken, ass en an Holland an den Exil gaangen. D'Hollänner hunn en och net ausgeliwwert, wéi verschidde Staaten (z. B. Frankräich) hie wéinst Krichsverbrieche vun der däitscher Soldateska wollte viru Geriicht stellen.
Och amZweete Weltkrich huet d'hollännesch Regierung am Ufank probéiert, sech neutral ze verhalen. DenHitler ass awer an Holland agefall, fir Frankräich vum Norden aus z'iwwerfalen a sou d'Maginot-Linn z'ëmgoen. Nodeem d'hollännesch Arméi sech dräi Deeg laang gewiert hat, hunn déi däitsch Truppen de 14. Mee 1940 Holland gezwongen, opzeginn. Dat schrecklecht Bombardement vuRotterdam an d'Drohung och grad sou mat dem zéi verdeedegtenUtrecht ze verfueren, hat dofir den Ausschlag ginn. D'kinneklech Famill war an deem Moment schonn an England an den Exil gaangen. Vun do u blouf Holland vun derWehrmacht besat. D'Nationaal-Socialistische Beweging (NSB) ënner demAnton Adriaan Mussert huet mat den däitsche Besatzungstruppe kollaboréiert, huet awer kee signifikanten Aflooss erreecht, net bei der Bevëlkerung an och net bei de Besatzungsautoritéiten. Allerdéngs hate sech 60.000 Hollänner fräiwëlleg bei d'Waffen-SS gemellt, de stäerksten auslännesche Kontigent vun der Waffen-SS. No der däitscher Invasioun ass et mat derJuddeverfollgung lassgaangen. DeFebruarstreik 1941 géint d'Deportatioune gouf am Blutt ersoff. Vun den 160.000 Judden an Holland hunn der nëmmen 30.000 d'Enn vum Krich iwwerlieft. Symbol fir d'Juddeverfollgung ass de Fall vun derAnne Frank.
Den 11. Januar 1942 huet Japan d'hollännescht Ostindien (hautIndonesien) iwwerfall. D'Hollänner hunn den 1. Mäerz 1942 kapituléiert.
De südlechen Deel vun Holland gouf an der zweeter Hallschent vun1944 vun den Alliéierten Truppen op hirem Virmarsch befreit; den Norde vum Land awer eréischt géint d'Krichsenn. Direkt no senger Befreiung vun der japanescher Besatzung (17. August 1945) huet dat hollännescht Ostindie sech onofhängeg erkläert a sech den NummIndonesien ginn. D'hollännesch Truppen hunn zwar probéiert, dat ze verhënneren, hunn awer schliisslech de 27. Dezember 1949, no haarde Kämpf, Indonesien och formal an d'Onofhängegkeet entlooss.
AmFebruar1953 huet engStuermflut de Südweste vun Holland iwwerschwemmt, 1800 Leit sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Holland ass och e Grënnungsmember vun derBenelux-Wirtschaftsunioun (zanter 1944 geplangt, den 3. Februar 1958 festgeluecht an den 1. November1960 a Kraaft getrueden). 1980 ass d'Beatrix Kinnigin ginn, nodeem hir MammJuliana mat 71 Joer ofgedankt huet. Den30. Abrëll2013 huet d'Beatrix ofgedankt. Hiere BoufWillem-Alexander gouf neie Kinnek.