D'Hofburg zu Wien ass déi fréier keeserlech Residenz. Vu1438 bis zirka1580 a vu1620 bis1806 war si d'Residenz vun de Kinneken a Keeser vumHellege Réimesche Räich, duerno Residenz vun de Keesere vun Éisträich bis1918. Haut ass si den Amtssëtz vum éisträichesche Bundespresident.
Déi eelst Deeler stamen aus dem13. Joerhonnert a sinn entweeder vun de leschteBabenberger oder vumOttokar Přemysl ugeluecht ginn. Virdrun hunn d'éisträichesch Landeshäre bei der PlazAm Hof gewunnt, net wäit vumSchottenstift ewech.
Déi eelst Buerg a Form vun engem Véiereck entsprécht zirka dem haitegeSchweizerhof. Do ass och d'goteschBurgkapelle (am15. Joerhonnert ëmgebaut) an d'Schatzkammer (eng Agence vumKonschthistoresche Musée), an där ënner anerem d'Herrschaftsinsignie vum Hellege Réimesche Räich (Reichskleinodien) a vum Keesertum Éisträich ze gesi sinn. Och d'Hofmusikkapelle huet do hire Sëtz. DëseSchweizerhof gouf zur Zäit vumKeeser Ferdinand I. amRenaissancestil ëmgebaut. Bekannt ass dat rout-schwaarztSchweizertor, op deem d'Titele vum Keeser Ferdinand I. opgezielt ginn an d'Insignie vumUerde vum Gëllene Vlies ze gesi sinn. An dësem Trakt war laang d'Haffkichen ënnerbruecht.
D'Stallburg, déi och zum Komplex vun der Hofburg gehéiert, an déi ursprénglech als Residenz fir deMaximilian II. als Krounprënz gebaut gouf ass net dermat verbonnen. Laut Rumeure vun där Zäit wollt de Ferdinand I. net mat sengem Bouf, deen eng staark Neigung zumProtestantismus gewisen huet, ënner engem Daach wunnen. Spéider gouf hei d'Konschtsammlung vumÄerzherzog Leopold Wilhelm, dem Brudder vumKeeser Ferdinand III., hei ënnerbruecht a bild e groussen Deel vun de Sammlunge vum Konschthistoresche Musée. Spéider goufen hei d'keeserlech Päerd ënnerbruecht an nach haut ass hei d'Spuenesch Haffreitschoul.
Bundespresidentschaftskanzlei am Leopoldineschen Trakt
Vis-à-vis vum Schweizertor ass d'Amalienburg, benannt no derAmalie Wilhelmine, der Wittfra vumKeeser Joseph I., déi allerdéngs méi wéi honnert Joer virdru schonn als Wiener Residenz vumKeeser Rudolf II. am Spéitrenaissancestil gebaut gouf.
Verbonne sinn d'Amalienburg an deSchweizerhof duerch deLeopoldineschn Trakt, deen, wéi den Numm et schi seet, ënner dem KeeserLeopold I. an de1660er Jore gebaut gouf. Den Architekt war deFiliberto Lucchese, no derTierkebelagerung vun1683 gouf den Trakt vumGiovanni Pietro Tencala nees nei opgebaut an e krut e Stack bäi. Haut sinn do d'Amtsraim vum Bundespresident. Ënner dem Trakt an der Amalienburg war och de grousse Wäikeller vun der Buerg.
Op der anerer Säit vun der Buerg (beim haitegeJosephsplatz) war d'Haffbibliothéik, déi vumKeeser Karl VI. gegrënnt gouf an déi haut de Prunksall vun der Éisträichescher Nationalbibliothéik beinhalt. De Bau huet mamJohann Bernhard Fischer von Erlach ugefaangen, a1735 vu sengem JongJoseph Emanuel fäerdeggestallt. An dësem Sall sinn d'Bichersammlung vumPrënz Eugène, e Plaffongsfresko vumDaniel Gran an d'Keeserstandbiller vumPaul Strudel.
Aner Koproduktiounen tëscht Papp a Jong Fischer von Erlach sinn d'Winterreitschule vis-à-vis vun der Stallburg - wou et1848 zu der éischter Sëtzung vum éisträichesche Parlament koum - an deReichskanzleitrakt vis-à-vis vum Leopoldineschen Trakt. Dëse gouf ursprénglech vumJohann Lucas von Hildebrandt geplangt an hei waren d'Amtsraim vum Räichsvizekanzler, dem tatsächleche "Premierminister" vum Hellege Réimesche Räich an de Räichshaffrot. An dësem Trakt waren nom Enn vum Räich d'Appartementer vumHerzog vu Reichsstadt an zulescht vumKeeser Franz Joseph I..
Vum Joseph Emanuel Fischer von Erlach gouf ochMichaelertrakt geplangt, deen d'Winterreitschule mam Reichskanzlertrakt verbanne sollt. Well awer dat aaltBuergtheater am Wee stoung, gouf dëse Plang iwwer laang Zäit net realiséiert, a konnt eréischt an de Joren1889-93 vumFerdinand Kirschner a liicht verännerter Form tatsächlech gebaut ginn.
Et koum ëmmer nees zu Ëmbauten an Upassungen, besonnesch an de Joren1763-69 ënner demNikolaus von Pacassi, deen d'Haffbibliothéik mam Rescht vun der Buerg an op der anerer Säit mat derAugustinerkierch verbonnen huet, a sou deJosephsplatz geschaf huet, deen als eng vun de schéinste Plaze vu Wien gëllt. Nom Ëmbau vun derAlbertina an den1820er Jore vumJoseph Kornhäusel ass och si mat der Hofburg verbonnen.
1809 gouf en Deel vun den ale Bastioune bei der Buerg als Folleg vun deKricher gesprengt a geschleeft. Zu der haitegerWiener Ringstrooss hin, goufen deemools nei Virwierker (d'sougenannten Hornwerkskurtine an d'Escarpen) ugeluecht, an déi d'klassizistesch Buergpaart integréiert ginn ass. Bannend dësen neie Mauere goufe Gäert ugeluecht: de private keeserleche Buerggaart, den Heldenplatz an deVolksgarten mamTheseustempel, de genee wéi d'Paart vumPeter von Nobile geschaf gouf. E weideren Ubau aus dëser Zäit ass denZeremoniensaal vonLouis Montoyer (1804), deen aus der Buerg erausgekuckt huet. Dëse Sall huet awer optesch gestéiert a goufNues genannt - haut ass en an derNeue Burg integréiert.
D'Hofburg ëm 1900
An den1860er Joren, nodeem d'Stadmauere ofgerappt waren, an d'Stad sech erweidert huet, koum et zu der leschter grousser Erweiderung vun der Buerg. Geplangt war eeKaiserforum, eng Anlag mat zwee Fligelen iwwer d'Ringstrasse, mat den Zwillingsmuséeën (Konschthistoreschen anNaturhistoresche Musée) als Flanken an den ale Ställ vum Fischer von Erlach als Ofschloss. D'Bauleitung vun dësem Projet haten deGottfried Semper a spéider deKarl Freiherr von Hasenauer. D'Muséeë goufen1891 fäerdeg gestallt, de Rescht vum Forum huet sech awer sou laang higezunn, datt et ausser der Representatioun kee wierkleche Besoin gouf.1913 gouf de Südostfligel, d'Neue Burg gréisstendeels fäerdeggestallt, d'Kaiserforum awer schliisslech ad acta geluecht. Ëmmerhi sinn sou denHeldenplatz an deMaria-Theresien-Platz entstanen. An derNeue Burg si verschidde Muséeën (Ephesos-Museum, Haff- Juegd- a Rüstkummer, Völkerkundemuseum) an d'Liessäll vun der éisträichescher Nationalbibliothéik. Um Heldenplatz stinn d'Reiderstatue vun zwéi bedeitenden éisträichesche Feldhären, demPrënz Eugène an demÄerzherzog Karl. Vum Balcon vun derNeue Burg um Heldenplatz gouf1938 denAnschluss un d'Däitscht Räich inzenéiert.
An der Nuecht vum26. op de27. November1992 koum et an der Hofburg zu engem Groussbrand am Beräich vun deRedoutesäll um Josephsplatz. En Deel vum Daach an den ieweschte Stack si komplett ofgebrannt. D'Renovéierung konnt awer schonn1997 ofgeschloss ginn. Am nei opgebauten Deel fënnt een elo Mauer- a Plaffongsbiller vumJosef Mikl.