Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Historiker

Vu Wikipedia

EnHistoriker oder engHistorikerin ass eng Persoun, déi sechwëssenschaftlech mat dem Erfuerschen, der Analys an der Interpretatioun vun Evenementer an der Vergaangenheet beschäftegt. Historiker ënnersiche Quelle wéi Dokumenter, Bicher, Bréiwer, Artefakten a mëndlech Iwwerliwwerungen, fir e Verständnis fir historesch Entwécklungen, Kulturen a Gesellschaften zu gewannen. Hir Aarbecht déngt dozou, d'Vergaangenheet ze rekonstruéieren an d'Gréisst an d'Auswierkung vun historeschen Evenementer z'erklären.[1],[2]

Historiker spezialiséiere sech dacks op bestëmmt Epochen, Regiounen oder Themeberäicher, wéi zum Beispill d'Antikitéit, d'Mëttelalter, d'Neizäit, Wirtschaftsgeschicht, Sozialgeschicht oder Militärgeschicht. Sie schaffen a verschiddene Beräicher, dorënnerUniversitéiten,Fuerschungsariichtungen,Muséeën,Archiven,Bibliothéiken an am Verlagswiesen. Vill Historiker verëffentlechen hir Fuerschungsresultater a Form vu Bicher, Fachartikelen oder Bäiträg a Sammelwierker.[3],[4]

D'Ausbildung als Historiker geschitt an der Reegel iwwer en Universitéitsstudium an derGeschicht. De Studium ëmfaasst d'Methode vun der Geschichtswëssenschaft, den Ëmgank mat Quellen an d'kritesch Analyse vun historeschen Evenementer. Dacks kënnt nom Basisstudium eng Spezialiséierung am Kader vun engem Masterstudium oder engem Doktorat.

Historiker droen derzou bäi, d'Verständnis vun der Géigewaart duerch d'Analyse vun der Vergaangenheet zu verdéiwen. Hir Aarbecht ass wichteg fir d'Bildung vum kollektive Gediechtnes an der Identitéit a fir d'Verständnis vu gesellschaftleche Verännerungen an Entwécklungen.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Historiker – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. indeed.com:Comment devenir historien ? (27. Juni 2024)
  2. letudiant.fr:Fiche métier : Historien (gekuckt de 24. August 2024)
  3. leparisien.fr:Historien - Fiche métier (gekuckt de 24. August 2024)
  4. mystipendium.de:Historiker: Ausbildung & Beruf (gekuckt de 24. August 2024)
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Historiker&oldid=2544698
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp