DëseMedezinsartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Recherchen an der Histologie (1950)
D'Histologie (vu gr.histos - Tissu) ass d'Wëssenschaft vun debiologeschen Tissuen, déi an derConstitutioun vun de verschiddene plurizellularen Organisme sinn. Domat ass d'Histologie en Deelgebitt vun derMedezin an derBiologie, méi genee vun derAnatomie an derPathologie.
D'Histologie ënnersicht d'Tissuë mat Hëllef vu mikroskopeschen Tissutranchen a speziellen Technike fir den Tissu ze fierwen. Sou gëtt fir d'Kriibsdiagnos an der Reegel en histologescht Resultat gefrot. An der Medezin gëtt prinzipiell all ewechoperéierten Deel histologesch ënnersicht.
den Tissuen, Histologie am strengen oder klassesche Sënn
den Organen, speziell Histologie a mikroskopesch Anatomie
Wann ee vun der klassescher Opfaassung vun der Histologie ofkuckt, déi haaptsächlech morphologesch Wëssenschaft, huet Histologie haut enk Rapporte mat derBiochimie (Histo-Chimie,Histo-Enzymologie,...)) a mat derPhysiologie.
Histologesch Klassifikatioun vun den Tissue bei deMamendéieren
D'Histologie ass eng deskriptiv Wëssenschaft, déi déi morphologesch Kennzeeche vun deene verschiddene Gewebezorte vun den Déieren a vum Mënsch studéiert. Si beschäftegt sech - am Géigesaz zur Zytologie - net direkt mam geneeën Opbau vun den eenzelen Zellen, mä intresséiert sech fir déi ganz Architektur, déi d'Zellen zesumme bilden. Déi méizelleg (plurizellulär) animalesch Liewewiese bestinn aus enger grousser Zuel vun Zellen, déi sech all zu verschiddenen Tissuen (Geweeben) zesummendinn. Déi Aart a Weis wéi sech d'Zellen zesummendinn erlaabt eis, verschidde Grondtissuen z'ënnerscheeden.
Bei deene meeschten Déieren a beim Mënsch kann ee graff 4 Grondtissuen differenziéieren, aus deenen de ganzen Organismus opgebaut ass:
Epithelien: do gëtt et Ënnerscheeder tëscht deenen op der Uewerfläch (extern an intern) an de Glandulen déi Ausscheedunge maachen
Bindegewief: deen Tissu iwwerhëlt wichteg Metabolesch an Verdeedegungsaufgaben (Blutt ass als Bindegewief ugesinn)
Muskelgewief: doduerch ass Mobilitéit garantéiert
Nervegewief: deen Tissu erméiglecht Receptioun, Transmissioun a Verschaffe vun Informatiounen