DenHimalaya (aus demSanskrit: हिमालय,himālaya, zesummegesat aushima „Schnéi“ analaya „Plaz, Wunneng“) ass déi gréisst Biergerketten op derÄerd. E läit anAsien nërdlech vumIndesche Subkontinent.
Den Himalaya gehéiert, mat denAnden an deRocky Mountains, zu deene jéngste Biergketten. Viru ronn 80 Mio. Joer louch déi Indesch Plack ronn 6.400 km südlech vun Asien. Mat enger Vitess vun 9 Meter am Joerhonnert ass si no Norde geréckelt an ass amPaleogen, viru 40 bis 50 Mio. Joer, mat Eurasien kollidéiert. Zanterhier ass deen Driff just nach mat hallwer Vitess, duerch den Drock gouf (a gëtt nach ëmmer) dat no uewe gedréckt, wat haut den Himalaya ass. D'Erosioun bewierkt, datt d'Héicht vun de Bierger plus ou moins d'selwecht bleift.
Den Himalaya besteet am Fong aus ville verschiddene Biergketten, déi vu Süden no Norde méi héich ginn. Am Süde läit d'Siwalikketten, woudrop nach Bëscher sinn. Nërdlech dovu kënnt dann deViischten Himalaya, an nach méi nërdlech dann denHéich-Himalaya
D'Gletschere vum Himalaya zielen zu deene gréissten op der Welt. Den Himalaya spillt eng wichteg Roll fir d'Klima vum indesche Subkontinent a vum tibetesche Plateau.