 | All Datumen an dësem Artikel si sous-entendu viru Christus. |
DenHerodot vun Halikarnassos, gebuer géint485, a gestuerwe géint425, war egriichesche Reesenden, Vëlkerkundler,Geograph anHistoriker.
Den Herodot (gr.:Herodotos, lat.: Herodotus) ass zuHalikarnassos (haitegtBodrum/Tierkei) aKlengasien op d'Welt komm. En ass vill gereest, aPersien,Egypten,Babylonien a bis bei d'Schwaarzt Mier. D'Enn vu sengem Liewen huet en am süditalieneschenThourioi verbruecht, engergriichescher Kolonie.
Ënner dem TitelHistoriai huet den Herodot e Wierk verëffentlecht, dat sech ëm d'Perserkricher am5. Joerhonnert v. Chr. dréit. Ënner sengenHistoriai versteet den Herodot an éischter Linn eng Enquête. Nodeem et ufanks nach ëm déi besot Perserkricher geet, schwäift den Herodot ganz séier of an entféiert de Lieser op eng Rees bei déi verschiddenst Vëlker. Hie stellt seng Weltkaart vir, wat eis en Opschloss dodrops gëtt, wéiwäit d'gebilte Leit vu senger Zäit geduecht hunn. De "Papp vun der Geschichtsschreiwung" ass allerdéngs net bei jiddwerengem beléift, well en dacks Mythe mat der Wourecht vermëscht. De komplette Contraire ass de faktenorientéiertenThukydides.