DenHephaistos ass de griichesche Gott vumFeier, vun derSchmëdd, den Handwierker a schliisslech och vun de Kënscht an dem Handwierk am Allgemengen.
Den Hephaistos ass de Jong vumZeus a vun derHera. Well e schlamm war koum et och zu verschiddeneSoen, z. B. eng wou erzielt gëtt seng Mamm Hera hätt hien aus Roserei, well e mat verkrëppelte Been op d'Welt komm ass, an d'Mier gehäit. Hien ass dunn awer vumThetys a vumEurynome gerett a gefleegt ginn a spéider erëm an denOlymp opgeholl ginn.
D'Odyssee nennt d'Aphrodite als seng Fra, an derIlias soll awer d'Charis seng Fra gewiescht sinn. D'Schéinheet vun deenen 2 Frae soll der Schéinheet vun de Wierker déi den Hephaistos erschaf huet entsprach hunn.
D'Griichen hu sech virgestallt datt seng Schmëdd ënner der Äerd war, wou seng Aarbechte mat Hëllef vun deKyklopen entstane sinn, wéi z. B. den Zepter vumAgamemmnon, d'Rüstung vumAchilles, de Won vumHelios, d'Halsband vun derHarmonia a vill anerer.
Fir sech u senger Mamm ze revanchéieren huet den Hephaistos en Troun gebaut an deem d'Hera, nodeem si sech dra gesat hat, gefesselt bliwwen ass. Eréischt nodeem denDionysos sech ageschalt huet, den Hephaistos voll gemaach, en op den Olymp geholl huet, an Drock op e gemaach huet, ass si erëm fräi komm.
Wéi seng Fra Aphrodite e mamAres bedrunn huet, huet e si mat engem Netz gefaangen a se dem Gelächter vun den Olympier ausgesat.
Den Hephaistos hat ausser senge legitime Kanner och nach anerer mat e sëllegen anere Fraen, sou z. B. den Thalos, eRis ausBronz.
Den Hephaistos kënnt warscheinlech ausKlengasien, matLemnos als wichtegstem Kultzentrum.
Zanter dem6. Joerhonnert gëtt en och zuAthen veréiert, wou fir hien enTempel, de sougenanntenTheseion, gebaut gouf, deen de Mëttelpunkt vun deem als Fest gefeiertenHepahaistia war. Soss huet säi Kult um griichesche Festland kaum bestanen.
- Vulcanus (och Vulcan, oder méi al Volcanus)