Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Heckeknuewelek

Vu Wikipedia
Heckeknuewelek
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
RäichPlanzeräich
OfdeelungBléieplanzen
KlassLiliopsida
UerdnungAsparagales
FamillËnneplanzen
GattungËnnen
Wëssenschaftlechen Numm
Allium ursinum
L.
Heckeknuewelek an der Bléi, am Bësch beiElleng.

DenHeckeknuewelek oderWëlle Knuewelek[1], och nachBärlauch[2]Allium ursinum L. ass eKraut aus der GattungAllium an der Famill vun denËnneplanzen.

Et ass eng Planz déi e puer Joer hannereneen erëm kënnt, an 20 – 50 cm grouss gëtt. Si huet laang donkelgréng Blieder a Form vun enger Lanzespëtz. D'Bléie si wäiss, stärefërmeg, an hu sechs baussenzeg Bléiebleider. Si stinn zesummen op engem méi oder manner ronne Kapp mat tëscht 5 an 20 Bléien.

Den Heckeknuewelek ass eng Bëschplanz. En ass praktesch a ganzEuropa an anNordasien, besonnesch a Bëscher déi an engem Hank leien ze fannen.

Säi Geroch gläicht deem vumKnuewelek. D'Blieder sinn iessbar (am beschte virun der Bléi) a kënne réi oder wéiPäinetsch verschafft ginn. Zerdrätscht kënne se wéi engPestoszooss preparéiert ginn.

Verwiesslungsgefor

[änneren |Quelltext änneren]

Et soll een nëmmen op Standuerter sammele wou den Heckeknuewelek eleng virkënnt. Et ka soss zu Verwiesslunge mat de Blieder vun derMeeréischen, derHierschtblumm oder vun derAroumblumm kommen. Déi dräi Planze si staark gëfteg, an d'Vergëftunge kënnen déidlech ausgoen. Verwiesslunge geschéie virun allem well d'Blieder vum Heckeknuewelek virun der Bléi gesammelt ginn. Déi verbreet Method, déi dora besteet all Blat eenzel mat de Fangeren ze reiwen an ze richen, ob si wierklech no Knuewelek richen, ass problematesch, well d'Fangeren dee Geroch séier unhuelen a weider Tester ouni Verlooss sinn.

  • Déi véier Planzen am Verglach
  • Jonken Heckeknuewelek
    Jonken Heckeknuewelek
  • Jonk Meeréisercher
    Jonk Meeréisercher
  • D'Hierschtblumm
    D'Hierschtblumm
  • Jonk Blieder vun der Aroumblumm
    Jonk Blieder vun der Aroumblumm

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Heckeknuewelek – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten

[Quelltext änneren]
  1. Den Numm Wëlle Knuewelek bezeechent am Lëtzebuergeschen zwou verschidde Planzen: den Heckeknuewelek an d'Bloderkraut.
  2. LOD - Lëtzebuerger Online Dictionnaire.www.lod.lu.Gekuckt den 20.11.2021.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Heckeknuewelek&oldid=2605105
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp