Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Heaven's Gate

Vu Wikipedia
Heaven's Gate
Film
ProduktiounslandUSA
Produktiounsjoer1979
Première1980
Dauer149min
FaarfFaarweg
Format2,35:1
Filmformat35 mm
OriginalsproochEnglesch
Ekipp
RegieMichael Cimino
DréibuchMichael Cimino
FotografieVilmos Zsigmond
MusekDavid Mansfield
SchnëttLisa Fruchtman
ProduzentJoann Carelli
Produktiouns-
gesellschaft
United Artists
Schauspiller
Kris Kristofferson als James Averill
Christopher Walken als Nathan D. Champion
John Hurt als Billy Irvine
Sam Waterston als Frank Canton
Isabelle Huppert als Ella Watson
Brad Dourif als Mr. Eggleston
Joseph Cotten als Rev. Doctor
Jeff Bridges als John L. Bridges
Paul Koslo als Buergermeeschter
Mickey Rourke
Filmportal -Filmer no Joren -Film no Länner -Film no Genre

Heaven's Gate (Das Tor zum Himmel,La porte du paradis) ass e Film vumMichael Cimino deen1980 erauskomm ass.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren |Quelltext änneren]

Heaven's Gate ass en eepesch ugeluechte Film iwwer de Krich tëscht de räiche Véibesëtzer an den aarmen Awanderer aus Osteuropa amMontana (USA) an den achtzeger Jore vum19. Joerhonnert.

An denUSA beschränkt sech d'Vergaangenheet aus den Ufankszäiten am Kino nëmmen op d'Mythologie vumWestern. Et gouf de Gangster, dee vum gudde Sheriff oder Marshall gefaange gouf, d'Arméi huet sech mat de béisenIndianer "beschäftegt". Heiansdo gouf et och emol e gudden Indianer an engem Film, an domat hat déi ganz Saach sech dann.

Mä du koum de Michael Cimino. Hie rullt eng ganz aner Säit vun der Besiidlung vu den USA op, nämlech déi, datt räich Siidler,Kapjeeër gelount hu fir aarm Awanderer aus Osteuropa ëmzeleeën, well déi och e klengt Stéck vum amerikanesche Kuch wollten hunn.

Am Amerika vun derReagan Äera war dat doten net gär gesinn.

E puer herrlech Zeene siefen ervirgehuewen:

  • d'Ofschlossfeierlechkeeten op de Uni
  • den Danz op de Rollschung am Zelt
  • den Danz vum Averill a vum Ella ganz eleng an dem groussen Zelt
  • d'Schluechtzeenen
  • d'Vue vun der Stad Casper mat dem Dampzuch
  • den éischte Muerd am Film, wou de Siidler grad sou geschluecht gëtt wéi dat Stéck Véi dat e gestuel hat fir net mat senger Famill z'erhéngeren
  • d'Zeen wou den Averill e Stéck Taart vum Ella zerwéiert kritt

Déi herrlech Fotografie vumVilmos Zsigmond muss onbedingt nach ervirgehuewe ginn, nieft der Toun-Bande, ob et elo d'Geräischer sinn oder d'Musek.

De Film ass fir d'éischt nëmmen an der kuerzer Versioun am Kino gelaf. No an no ass dem Film säi Wäert dann erkannt ginn an du koum no Joren eng laang Fassung vum Film an d'Säll.

Wéi ass de Film ukomm?

[änneren |Quelltext änneren]

D'amerikanesch Kritiker hu ganz sauer reagéiert an hunn all méiglech Ursaache gesicht, fir de Film schlecht ze maachen. D'Pauline Kael huet gesot, de Film wir en Affront géint d'USA. Et goung lass, den Toun wir misarebel, d'Bild wier onschaarf, asw.

Et war einfach de "schlechste Film vum Joer" oder iwwerhaapt, an dobäi hat de Film et och nach fäerdeg bruecht fir e Filmstudio ze ruinéieren.

Zitater

[änneren |Quelltext änneren]
  • John L. Bridges: It's getting dangerous to be poor in this country.
  • Frank Canton: Mr. Champion, my grandfather was the Secretary of War to Harrison. His brother was the governor of the State of New York. My brother-in-law is Secretary of State. And to you, I represent the full authority of the Government of the United States and the President. - Nathan D. Champion: Fuck him too.

Iwwer de Film

[änneren |Quelltext änneren]
  • If ever an award was given for the most maligned and misunderstood motion picture of all time, it would have to be Heaven's Gate. (Bruce Lawton, U.S. Filmhistoriker)
  • the milieu Heaven's Gate evokes is beautiful beyond words, (Michael Bliss am BuchMartin Scorsese and Michael Cimino)

Klengegkeeten

[änneren |Quelltext änneren]
  • Et war virgesinn, datt denJohn Wayne d'Haaptroll sollt spillen an d'Jane Fonda, d'Roll déi d'Isabelle Huppert spéider krut.
  • Zu senger Zäit war de Film dee gréisste Flop vun allen Zäiten. Doduerch goufUnited Artists unMGM verkaaft.
  • Den éischte Schnëtt huet 5 Stonnen an 20 Minutte gedauert.
  • Et gouf wierklech e Krich am Johnson County amWyoming an d'Figuren hunn James Averill, Nathan Champion and Ella Watson geheescht, mä d'Dréibuch hëlt sech e puer Fräiheeten eraus.
  • D'Harvard Uni-Zeene sinn zuOxford anEngland gedréit ginn.
  • Bild-Ratio:2,35:1 - |Filmformat=35 mm Kopie,2,20:1 -70 mm Kopie
  • Schnëtt: Lisa Fruchtman; Gerald B. Greenberg; William Reynolds; Tom Rolf

DVDen

[änneren |Quelltext änneren]

Déi laang Fassung ass opDVD an opBlu-ray Disc ze kréien.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Heaven%27s_Gate&oldid=2589832
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp