Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Haus

Vu Wikipedia

EnHaus ass eGebai, an deem Mënsche liewen oder schaffen, d. h. e Wunngebai oder e Büros- respektiv Geschäftsgebai.

Ëmgankssproochlech ass et also bal eSynonym fir de Begrëff Gebai, wat ee gutt um funktiounsongebonnenem WuertHéichhaus gesäit, mä et géif awer gezéckt ginn e Fabriksgebai, e groussen Akafszentrum, e Spidol oder e Parkhaus (obwuel "-haus" dran ass) alsHaus ze gesinn.

Als eegestännege Begrëff gëttHaus effektiv virun allem fir e Gebai mat Wunnfunktioun gebraucht, wat vu rudimentären Hütten oder Baracke bis hin zu Héichhaiser mat enger AbberzuelWunnenge goe kann. Am Sënn vumdoheem ass de Begrëff och enk mamStot verbonnen, an et war viraals mamHausnumm alt souguer d'Haus wat d'Famill déi dra gewunnt huet charakteriséiert huet.

Haiser ënnerscheede sech no hirem Haustyp (z. B.Reienhaus,Méifamilljenhaus,Eefamilljenhaus), hirem Konstruktiounsmaterial (z. B.Holzhaus,Fachwierkhaus, Steenhaus, Zillenhaus, Betongshaus, Wellblechhaus) an dacks och no hiremEnergiestandard (z. B.Passivhaus,Niddregenergiehaus).

Fotosalbum

[änneren |Quelltext änneren]
  • Lemhütt am Sudan
    Lemhütt am Sudan
  • Barackesiidlung a Südafrika
    Barackesiidlung a Südafrika
  • Holzhaus a Russland
    Holzhaus a Russland
  • Fachwierkhaus an Däitschland
    Fachwierkhaus an Däitschland
  • Steenhaus an der Bretagne
    Steenhaus an der Bretagne
  • Zillenhaus an der Belsch
    Zillenhaus an der Belsch
  • Reienhaiser an England
    Reienhaiser an England
  • Héichhaiser zu Dubai
    Héichhaiser zu Dubai
  • Thermographeschen Ënnerscheed tëscht normalem (lénks) an engem Passivhaus (riets)
    Thermographeschen Ënnerscheed tëscht normalem (lénks) an engem Passivhaus (riets)

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Haiser – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Haus&oldid=2277349
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp