Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Hannibal

Vu Wikipedia
Hannibal
Gebuer247 v. Chr.
Karthago
Gestuerwen183 v. Chr.
Gebze
DoudesursaachVergëftung
AktivitéitPolitiker, Feldhär
Famill
Bestuet matHimilce
PappHamilkar Barkas
GeschwësterHasdrubal, Mago
KannerAspar Barca

DenHannibal, gebuer247 v. Chr. zuKarthago a gestuerwen183 v. Chr. zu Libyssa), war e karthagesche Feldhär.

Vu sengem Papp, demHamilkar Barkas, gouf den Hannibal zu engem Géigner vun deRéimer erzunn. Nom Doud vu sengem SchwoerHasdrubal am Joer221 v. Chr. gouf hien den ieweschte Chef vun de karthageschen Truppen a Spuenien. Fir engem Ugrëff vun de Réimer op Afrika zevirzekommen, awer och fir d'StadSagunt ze bestroofen, well se Kontakt mat Roum opgeholl hat, obwuel se am karthagesche Muechtberäich louch, huet den Hannibal219 v. Chr. Sagunt zerstéiert an218 v. Chr. mat senger Arméi iwwer denEbro gesat, deen den Hasdrubal als Grenzfloss mam Réimesche Räich ausgemaach hat, fir déi respektiv Muechtberäicher ofzegrenzen. Doduerch huet den Hannibal, deen d'Reaktioun vun de Réimer sécher virausgerechent hat, denZweete Punesche Krich ausgeléist.

218 v. Chr. ass den Hannibal mat 30 000 Fousszaldoten, 8 000 Reider a 37Elefanten iwwer d'Alpe gezunn an ass fir d'Réimer ganz iwwerrraschend, an Norditalien opgedaucht. An 3 grousse Schluechten huet hien d'réimesch Arméi geschloen, huet sech awer net getraut, d'Stad Roum direkt unzegräifen. Duerch d'Taktik vun de Réimer goufen dem Hannibal seng Truppen am südlechen Italien no an no geschwächt, an doriwwer eraus huet de Feldhär kaum nach Ënnerstëtzung aus senger Heemecht kritt, wou räich Händler d'Soen haten an net bereet waren, weider Geld an aner Mëttel an eng verfuere Situatioun ze pompelen. D'Arméi, déi him sollt zu Hëllef komme, gouf207 v. Chr. vun de Réimer zerstéiert.

A 16 Joer Krich, zwar ongeschloen awer ouni gräifbare Succès, gouf den Hannibal203 v. Chr. op Karthago zeréckgeruff fir d'Stad géint dePublius Cornelius Scipio ze verdeedegen. Den Hannibal huet awer202 v. Chr. an derSchluecht vun Zama verluer, an doduerch war déi grouss karthagesch Handelsmuecht definitiv zerstéiert.

195 v. Chr. ass den Hannibal virun de Réimer aSyrien, duerno opKreta, a schliisslech a Klengasie geflücht. Mä och do hunn d'Réimer den Hannibal entdeckt, an hien huet sech léiwer d'Liewe geholl wéi datt en a réimesch Gefaangenschaft sollt kommen.

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • La véritable histoire de Hannibal; Sammlung vu réimeschen Texter zum Hannibal & Kommentare vum Jean Malye; Paräis (Les Belles Lettres), 2011;ISBN 978-2-251-04011-0
  • Habib Boularès,Hannibal; Paräis (Perrin), 2000; 301 S.;ISBN 2-262-01628-3
  • Pedro Barceló,Hannibal, Stratege und Staatsmann (aus dem Spueneschen iwwersaat); Stuttgart (Klett-Cotta), 2004; 320 S.;ISBN 3-608-94301-3

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Hannibal – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Hannibal&oldid=2522183
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp