Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Hamas

Vu Wikipedia
Hamas
Islamesch Widderstandsbeweegung
PresidentChalid Maschal
VizepresidentBundeschef:Khalil al-Hayya
Gegrënnt10. Dezember 1987
ParteizentralGazasträif, Gaza-Stad
IdeologienPalestinensesche Nationalismus
Islamesche Nationalismus
Politesch PositiounRietsextrem
FaarfGréng
Palestinensesche Legislativrot
74/132 Sëtz

D'Hamas ((ar) حركة المقاومة الإسلامية Ḥarakat al-muqāwama, Islamesch Widderstandsbeweegung), ass engpolitesch Partei, déi am Dezember 1987 bei deréischter Intifada an derGazasträif vumScheich Ahmed Yassin a weidere Moslembridder gegrënnt gouf. Se gëtt ë. a. vun derEuropäescher Unioun alsTerrororganisatioun agestuuft.

D'Hamas ass eng palestinenseschsunnitesch-islamistesch Organisatioun, déi international vun 41 Staaten als terroristesch Vereenegung agestuuft gëtt. Se besteet aus enger politescher Partei, engem sozialen Hëllefswierk an de paramilitäreschen Izzedin-al-Qassam-Brigaden. D'komplett Memberszuel gouf bis Oktober 2023 op 35.000 bis 80.000 geschat. D'Zil vun der Hamas ass, de StaatIsrael ze zerstéieren. Op dem Staat Israel wëll d'Terrororganisatioun e vum Islam markéierte Gottesstaat, Palestina, opriichten.

2006, ee Joer nom Réckzuch vun Israel aus der Gazasträif, krut d'Hamas bei de leschte fräie Parlamentswalen an dePalestinenseschen Autonomiegebidder d'Majoritéit vun de Wieler aus der Gazasträif. Am sougenannteKampf ëm Gaza am Juni 2007 huet se d'Fatah, déi mat hir a Konkurrenz stoung, ausgeschalt. Domat krut se mat héijer Gewalt d'Muecht an der Gazasträif, an där se zanterhier d'Regierung stellt. Zanter 1989 attackéiert d'Hamas Israel ëmmer erëm duerch Suiziduschléi, Muerden a Beschoss matQassam-Rakéiten. Domat huet se vill Kricher ausgeléist. Bei der Terrorattack vum 7. Oktober 2023 huet d'Hamas op d'mannst 1139 Mënschen ermuert an huet sou deGaza-Krich vun 2023 ausgeléist. Enk Alliéiert vun der Hamas sinn d'Memberstaate vun der „Achs vum Widderstand“ mamIran, demLibanon mat derHisbollah an demJemen mat denHuthi-Rebellen.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Hamas – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Hamas&oldid=2656974
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp