Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Haaptstadregioun Bréissel

Vu Wikipedia
Haaptstadregioun Bréissel
LandBelsch
CommunautéitFranséisch Communautéit
vun der Belsch

Flämesch Communautéit
Awunner1.255.795 (1. Januar 2025)
Fläch161,38km²
Websäithttps://be.brussels

D'Haaptstadregioun Bréissel (fr.:Région de Bruxelles-Capitale, nl.:Brussels Hoofdstedelijk Gewest) ass eng vun den dräiRegiounen vun derBelsch. Si gouf1989 gegrënnt an ëmfaasst 19 selbstänneg Gemengen, déi awer sou unenee gebaut sinn, datt ee kaum um Stadbild mierkt, datt ee vun där enger an déi aner kënnt. D'StadBréissel, ass eng, wann och déi gréisst, vun dësen 19 Gemengen.

Well an der Belsch alles, wat matKultur,Sprooch oderEducatioun ze dinn huet, net ënner d'Kompetenz vun de Regiounen, mä vun deCommunautéitë fält, sinn där zwou fir dës 19 Gemengen zoustänneg: d'Franséisch Communautéit vun der Belsch (Communauté française de Belgique) an d'Flämesch Communautéit (Vlaamse Gemeenschap). Ongeféier 80 % vun den Awunner ziele sech zurfranséischsproocheger, 20 % zurflämeschsproocheger Communautéit. D'Haaptstadregioun ass dann och offiziell zweesproocheg, dofir mussen all offiziell Schreiwes, bis hin zu de Stroosseschëlter, an deenen zwou Sprooche sinn, a vun de Schoule bis zu de Kulturariichtungen (Theater, asw.) gëtt et alles duebel an där enger oder aner Sprooch.

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, dattSchreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.
Zousätzleche Grond: Awunnerzuelen (Auslänner) net méi up-to-date; Quell ?

Een Awunner op 4 (28,4 %) ass kee Belsch. Vun den ongeféier 280.000 Auslänner, déi an der Regioun Bréissel liewen, sinn der eng 134.000 aus engem vun den anere 26 EU-Memberstaaten. Déi aner komme virun allem aus dem Maghreb, der Tierkei an Zentralafrika.

Gemengen

[änneren |Quelltext änneren]

D'Haaptstadregioun Bréissel sëtzt sech aus 19 selbstännege Gemengen zesummen:

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Bréissel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Communautéiten
Regiounen
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Haaptstadregioun_Bréissel&oldid=2633342
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp