De Bou vun der Haaptschlagoder mat den Arteerien, déi ofginn (op Däitsch).
An derAnatomie an an derChirurgie ënnerscheet een tëscht enger Rei Ofschnëtter:
Aorta, déi erop geet (aorta ascendens): D'Haaptschlagoder fänkt un der lénkser Häerzkummer un. Si ass duerch d'Aortaklapp getrennt. Vum Häerz aus verleeft si erop RichtungKapp. Kuerz iwwer der Aortaklapp entsprangen d'Häerzkranzgefäässer (Koronararteerien), déi d'Häerz mat Blutt versuergen.
Aortabou (arcus aortae): Dann zitt se sech am Bou erof RichtungBecken. Aus dem Bou ginn ënner anerem déi Arteerien of, déi de Kapp an d'Äerm versuergen.
Aorta, déi erofgeet (aorta descendens): Si besteet aus zwee grousse Segmenter: der Broschtaorta an der Bauchaorta.
Broschtaorta (aorta thoracica): Si läit komplett an derBroschthiel. Vun der Broschtaorta gi Gefäässer an den Häerzbeidel, zu den Tëscherëpperaim, zumOesophage an zur Eegeversuergung vumLongentissu of. Da verleeft se duerch eng Ëffnung (hiatus aorticus) amZwerchfell. Op der Héicht vum zwielefteBroschtwierbel gëtt dann aus der Broschtaorta d'Bauchaorta.
Bauchaorta (aorta abdominalis): Och si léisst sech an zwee Segmenter ënnerdeelen, unhand vum Ofgang vun den Arteerien, déi d'Niere mat Blutt versuergen (arteriae renales):
Bauchaorta iwwer den Nierenarteerien (aorta abdominalis suprarenalis): Vun hir ginn direkt nom Zwerchfellduerchtrëtt Aarterien zur Versuergung vumMo, derMëlz, demZwieleffangerdaarm, derBauchspeicheldrüs an derLiewer of. E weideren Ofgank versuergt den Haaptdeel vumDaarm an den anereVerdauungsorganer.
Bauchaorta ënnert den Nierenarteerien (aorta abdominalis infrarenalis): aus hir entsprangen d'Gefäässer fir den ënneschten Deel vum Daarm, den Enddaarm an e puer Organer am Becken. Op der Héicht vum véierte Lendewierbel deelt sech d'Aorta hei an déi zwou grouss Beckeschlagoderen (arteriae iliacae communes) op.
Am mënschleche Kierper ass d'Haaptschlagoder déi gréisst Schlagoder. Bei engem Erwuessenen huet si en Duerchéisser vun ongeféier 2,5 bis 3,56 Zentimeter an eng Längt vun 30 bis 40 Zentimeter.[1]