Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Guillaume vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat demGroussherzogGuillaume. Fir Leit mat engem änlechen Numm, kuckt wgl.Guillaume vu Lëtzebuerg (Homonymie).
Guillaume vu Lëtzebuerg
Titelen
Lieutenant-Représentant vu Lëtzebuerg
Zäit2024 bis2025
Groussherzog vu Lëtzebuerg
Zäitzanter dem3. Oktober2025
VirgängerHenri
Biographie
Gebuer11. November1981
Maternité Grande-Duchesse Charlotte
Bestuet matStéphanie de Lannoy
PappHenri vu Lëtzebuerg
MammMaria Teresa Mestre
GeschwësterFélix vu Lëtzebuerg,Louis vu Lëtzebuerg,Alexandra vu Lëtzebuerg,Sébastien vu Lëtzebuerg
KannerCharles vu Lëtzebuerg,François vu Lëtzebuerg
GielercherCavaliere di Gran Croce Ordine al Merito della Repubblica Italiana,Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw, Grand-croix vum ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau, Grand-croix de l'ordre de la couronne de chêne,Ordre d'Orange-Nassau, Grand officier de la Légion d'honneur‎, Bronze Wollef

DeGuillaume Jean Joseph Marie vu Lëtzebuerg, gebuer den11. November1981 an derMaternité Grande-Duchesse Charlotte an derStad Lëtzebuerg, ass zanter dem3. Oktober2025 deen zéngteGroussherzog vu Lëtzebuerg an Herzog vun Nassau a vu Bourbon-Parma. Hien ass dee siwenteLëtzebuerger Staatschef aus der Dynastie vunNassau-Weilburg.

Hien ass den18. Dezember2000 offiziell zumIerfgroussherzog vuLëtzebuerg an den 8. Oktober 2024Lieutenant-Représentant ernannt ginn. Den 3. Oktober 2025 huet hie vu sengem PappHenri vu Lëtzebuergden Troun iwwerholl.[1]

Säi vollstännegen Titel ass "Seng kinneklech Altess Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein,Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".

Iwwersiicht

Hien ass den eelste Jong vum GroussherzogHenri vu Lëtzebuerg an der GroussherzoginMaria Teresa.

Hien ass amLycée Robert-Schuman an derStad Lëtzebuerg an an deSchwäizer PensionaterBeau Soleil anInstitut Le Rosey an de Lycée gaangen an huet duerno op derRoyal Military Academy Sandhurst, beiCamberley amBerkshire anEngland eng Offizéieschausbildung gemaach.

Vun 2000 bis2011 huet de Prënz Guillaume de Verwaltungsrot vun derFondatioun Kräizbierg presidéiert, déi sech an den Déngscht vun handicapéierte Leit setzt. Am Mäerz 2011 huet de Prënz d'Éierepresidentschaft vun dëser Fondatioun akzeptéiert.

Hie gouf den 23. Juni 2009, umNationalfeierdag, zum Majouer vun derLëtzebuerger Arméi ernannt. Duerch en Arrêté grand-ducal vum 25. Mee 2012 gouf hie Lieutenant-colonel genannt, an dëst mat Wierkung vum 23. Juni 2012 un[2],[3].

SengGeschichts- aPolitologiestudien op der Universitéit vunDurham huet en net ofgeschloss.

Wéi och säi Papp, wéi deen Ierfgroussherzog war, ass hien Éierepresident vumBoard of Economic Development (zanter Ufank2001). Hie war och zanter dem24. Juni2005 Member vumStaatsrot, huet dee Posten awer opginn wéi eLieutenant-Représentant genannt gouf[4].

Sou wéi säi Papp, de Grand-Duc Henri, dat am Kader vumNationalfeierdag 2024 ugekënnegt hat[5], huet dësen den 8. Oktober 2024 dem Prënz Guillaume d'Lieutenance iwwerdroen.[6] Den 3. Oktober 2025 war denTrounwiessel, an de Guillaume ass zanterhier offiziell Grand-Duc vu Lëtzebuerg.

Famill

D'Koppel bei hirer Hochzäit (2013)…
…a bei der Vereedegung vum Guillaume als Grand-Duc (2025)
De gemeinsame Monogramm

De 27. Abrëll 2012 huet hie sech mat der GräfinStéphanie de Lannoy verloobt. Den 19. Oktober 2012 huet de Stater BuergermeeschterXavier Bettel d'Koppel am Gemengenhaus um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg zivil bestuet. Déi kierchlech Feier war den 20. Oktober 2012 an derKathedral vun der Stad Lëtzebuerg a gouf vum ÄerzbëschofHollerich zelebréiert.

Kanner

D'Koppel huet zwéi Jongen:

Den 10. Mee 2020 koum um 5:13 an derMaternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg hire JongCharles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d'Welt.[7]

De 27. Mäerz 2023 koum um 10:04 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg hiren 2. JongFrançois Henri Luis Marie Guillaume op d'Welt.[8]

Gielercher

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Guillaume vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Henri
Groussherzog vu Lëtzebuerg
zanter2025
Nofollger:
-
Autoritéitskontroll

Referenzen

  1. (lb) Lëtzebuerg huet een neie Staatschef: De Grand-Duc Guillaume huet den Eed ofgeluecht. www.rtl.lu. Gekuckt de 04.10.2025.
  2. wort.lu, 18. Juni 2012.
  3. (fr) Armée - Nomination. legilux.public.lu (11.06.2012). Gekuckt de 14.08.2020.
  4. (lb) Papp a Fils am Interview: Prett fir eng nei Etapp an hirem Liewen. www.rtl.lu. Gekuckt den 08.10.2024.
  5. (fr) Annonce de la Lieutenance de Son Altesse Royale le Grand-Duc Héritier | Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de 24.06.2024.
  6. Kevin Kayser a Pierre Weimerskirch:"Lieutenant-Représentant huet Eed ofgeluecht: 'Nei Etapp, déi fir déi ganz Famill ufänkt', esou den Ierfgroussherzog." rtl.lu, 08.10.2024.
  7. "Naissance du premier enfant du couple héritier." op monarchie.lu, 10. Mee 2020.
  8. (fr) Naissance de S.A.R. le Prince François. monarchie.lu (17.3.2023). Gekuckt de 27.3.2023.
  9. Memorial B n° 103 vun 2012 mat der Lëscht vun de Leit déi 2012 eng national Auszeechnung kritt hunn
  10. 10,010,110,2(fr) S.A.R. le Grand-Duc Héritier | Cour grand-ducale. www.monarchie.lu. Gekuckt de 26.07.2023.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Guillaume_vu_Lëtzebuerg&oldid=2638869
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp