DeGregorianesche Kalenner ass hautdesdaags deen am wäitste verbreeteKalenner. E gouf nomPoopstGregor XIII. genannt, deen e1582 mat der peepstlecherBulleInter gravissimas dekretéiert huet.
D'Fréijoersequinoxe op der nërdlecher Äerdhallefkugel war am Joer vum Konzil325 den21. Mäerz, an deemools hat nach kee fonnt datt déi Julianesch Reegelung mat deSchaltdeeg misst verbessert ginn. Den deemools gültegeJulianesche Kalenner ass vun engem mëttlereSonnejoer vun 365,25 Deeg ausgaangen an huet déi Differenz (op 365 Deeg) vun ongeféier 6 Stonnen all véier Joer duerch d'Afügung vun engem Schaltdag ausgeglach. Dogéint war d'Realitéit (365Deeg, 5Stonnen, 48Minutten a 46Sekonnen, also genee 365,24219879 Deeg), 11 Minutte méi kuerz ! Duerch déi Differenz war d'Primar-Equinoxe am Joer1582 schonn den11. Mäerz.Déi Diskrepanz war scho laang bekannt an zanter dem14. Joerhonnert sinn ëmmer erëm Virschléi gemaach gi fir de Kalenner ze reforméieren, ënner anerem vumNikolaus Kopernikus. Säi WierkDe Revolutionibus Orbium Coelestium (Vun den Emdréiunge vun den Himmelskierper) an déiPrutenesch Tafelen vumErasmus Reinhold ware schliisslech och d'Basis fir déi vum PoopstGregor XIII. dekretéiert Reform.
Fir datt et net nees zu sou enger Differenz géif kommen, huet den neie Gregorianesche Kalenner 1 Sonnejoer op 365,2425 (amplaz 365,25) Deeg festgesat. Dofir ass d'Reegel vum Julianesche Kalenner, wat d'Schaltdeeg ugeet, ëmgeännert ginn.
Ass d'Joreszuel duerch 4 deelbar awer net duerch 100, dann ass et eSchaltjoer mat 366 Deeg. Beispill: 1980, 1972, 1720
Ass d'Joreszuel duerch 100 deelbar, awer net duerch 400, dann ass dat Joer e gewéinlecht Joer an huet nëmmen 365 Deeg, zum Beispill d'Jore1700,1800 an1900, oder2100
Ass d'Joreszuel duerch 400 deelbar, ass dat eSchaltjoer.