Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Godefroy vu Bouillon

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n)Gottfried vu Bouillon)
Godefroy vu Bouillon
Gebuer1060jul.
Boulogne-sur-Mer
Gestuerwen18. Juli1100jul.
Jerusalem
Doudesursaacham Asaz gefall
NationalitéitHellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun
AktivitéitMonarch,Schrëftsteller
Famill
GeschwësterIda
De Godefroy vu Bouillon op enger Fresk an derBuerg Manta, ëm 1420.
De Godefroid vu Bouillon un der Spëtzt vumÉischte Kräizzuch. Miniatur aus dem 13. Joerhonnert

DeGodefroy vu Bouillon (ochGodefroid oderGottfried(de)), gebuer ëm1060 a gestuerwen den18. Juli1100 zuJerusalem, war e Commandant en chef beimÉischte Kräizzuch. No der Eruewerung vuJerusalem gouf hien den éischte Regent vum nei gegrënnteKinnekräich Jerusalem, wollt awer net "Kinnek" genannt ginn.

De Godefroy war den zweete jong vum GrofEustache II. vuBoulogne an derIda, der Duechter vum HerzogGodefroy III. vunNidderloutrengen. Säi Monni, den HerzogGodefroy IV. vun Nidderloutrengen, dee selwer keng Kanner hat, huet hien zu sengem Ierwe gemaach, De KinnekHeinrich IV. huet d'Herzogtum Nidderloutrengen, wéinst senger strateegesch wichteger Lag, sengem JongKonrad iwwerdroen an dem Godefroid just d'Maarkgrofschaft Antwerpen an d'Herrschaft Bouillon gelooss; dat och fir seng Loyalitéit ze préiwen.

De Godefroy huet, mat Succès, seng Territoirë mat Hëllef vu senge BridderEustache III. aBaudouin kënne verdeedegen, och d'Buerg vu Bouillon 1077, wat him säi Bäinumm abruecht huet. Well e sech dem Kinnek als trei gewisen huet, krut hien 1089 d'Herzogtum Nidderloutrengen als Lehen.

No derSynod vu Clermont 1095 huet de Godefroid säi ganzt Verméige verkaaft an hiet sech dem Éischte Kräizzuch ugeschloss. Zeusmme mat sengen zwéi Bridder Eustache III. a Baudouin huet hie vum August 1096 un eng Arméi vu ronn 20.000 Mann vun der Lorraine aus laanscht deRhäin an d'Donau op deBalkan gefouert. Am November hu siKonstantinopel erreecht. Debyzantinesche KeeserAlexios I. vu Byzanz hien de Lehnseed ofleeë gelooss, déi Territoiren, déi e vun de Moslemen zeréckeruewere géif, Byzanz z'ënnerstellen.

Aner Kräizfuerer hu sech mat ugeschloss, woubäi de Godefroid net méi vill ze soen hat, deBohemund vun Tarent an deRaymond IV. vun Toulouse haten ewell de Kommando. 1099, no enger Belagerung vun 8 Méint, konnte s'Antiochia erueweren. De Raymond huet gezéckt , weider op Jerusalem ze zéien, a sou hu sech de Godefroid an anerer ouni hien op de Wee gemaach. De 15. Juli 1099 drang war de Godefroid un der Spëtzt vun deenen, déi als éischt op Jerusalem erakoumen.

Nodeems de Raymond vun Toulouse d'Kroun vu Jerusalem refuséiert hat, well e sech net an där Stad wollt kréine loossen, wou deJesus Christus engDärekroun ggedroen hat, hat de Godefroid d'iddi, sech amplaz zumAdvocatus sancti sepulchri, dem "Beschützer vumHeliege Graf" er nennen ze loossen. Sou gouf hien net nëmmen e weltlechen Herrscher, ma huet och der reliéiser Positioun vun der Stad Rechnung gedroen.

Wärend senger kuerzer Regierungszäit vu just engem Joer huet de Godefroy dat neit Kinnekräich Jerusalem géint d'Häre vu virdrun, d'Fatimiden ausEgypten, misse verdeedegen, déi den 12. August an derSchluecht vun Askalon geschloe goufen. Wéi déi bis gewonne war, hunn déi meescht, déi beim Kräizzuch matgemaach haten, hir Missioun als erfëllt gesinn an hu sech op den Heemwee gemaach. 1100 huet de Godefroid seng Muecht weider ausgebreet, z. B. huet eb d'HafestadJaffa befestege gelooss a weider Eruewerunge geplangt.

Vu Roum aus gouf geschwënn denDagobert vu Pisa als Patriarch agesat. Dësen huet sech um Poopst seng Muecht an domat säin Usproch op d'Stad behaapt, an dem Godefroy kloer gemaach, dëse wier just do fir hir Uerderen auszefëllen. De Godefroy huet doropshin dem Dagobert versprach, Jerusalem a Jaffa dem Poopst z'iwwerginn, soubal d'Kräizfuerer Egypten eruewert hätten. Dës geschouch awer ni, an de Godefroy ass kuerz drop, am Juli 1100, gestuerwen. Zu de geneeën Ëmstänn vu sengem Doud gëtt et widerspréchlech Aussoen, vu Vergëftung iwwer Krankheet bis zu enger Schluecht, wou e vun engem Feil getraff gi wier.

Säi BrudderBaudouin gouf säin Nofollger.

Legendebildung

[änneren |Quelltext änneren]

Well hien deen éischte chrëschtlechen Herrscher vu Jerusalem war, gouf hie schonn am Spéitmëttelalter idealiséiert an eng sëllege Legende ronderëm hie gesponnen. A ville Ritterepen a Chronike geet vun him rieds.

Am 19. Joerhonnert gouf en am nei geschaafte StaatBelsch als idealiséierten Held duergestallt, deen déi "belsch" Dugende schonn am Mëttelalter verkierpert hätt (Et gëtt ugeholl, hie wier zuBoulogne-sur-Mer gebuer, mä eng obskur Quell schwätzt vuBaisy-Thy, wat vun den deemolege belschen Historigraphen natierlech gär opgegraff gouf. Um Sockel vun der Statu, déi op derPlace royale zu Bréissel opgeriicht gouf, stteet Baisy als Gebuertsplaz).

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Godefroy vu Bouillon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Godefroy_vu_Bouillon&oldid=2461097
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp