Landkaart mat de Golan HéichtenGolan: Erënnerung un zwéi KricherSpuere vun haarde Kämpf: Zerstéiert Bunkeren
D'Golanhéichten (Arabeschالجولانal-Dschaulān,Hebräeschרמת הגולןRamat HaGolan), leien am Nordoste vumJordan, a sinn een ëmstriddene Landstreech tëschtSyrien anIsrael. D'Golanhéichte sinn e Plateau mat enger vulkanescher Originn. Si leien tëscht demSéi Genezareth an dersyrescher HaaptstadDamaskus, sinn hiwweleg, schwaach bevëlkert, an net vill wiisst do. Mä si beherrschen dee méi déif geleeënen Dall vum Jordan, wat ee vun de Grënn ass, firwat d'Golanhéichten ëmmer de Mëttelpunkt vum Sträit tëscht Syrien an Israel sinn a waren.
Vëlkerrechtlech gehéiere se zu Syrien, sinn awer 1967 amKrich vu Sechs Deeg vun Israel eruewert an 1980 annektéiert ginn. Dës Annexioun ass awer ni um internationale Plang unerkannt gnni.
De gréissten Deel vun dësem Gebitt läit op enger Héicht vun 1.000 m iwwer dem Mier, a bedeckt, bei enger Längt vu 60 km an enger Breet vu 25 km, eng Fläch vun 1.150 km².
Den héchste Punkt, de Bierg Hermon, ass 2.814 m héich. D'Haaptstad ass dat syrescht Qunaitra, eng Stad, déi 1967 ganz zerstéiert gouf an nëmme méi deelweis opgebaut ginn ass. Haut hu sech op de Golanhéichten israeelesch Siidler néiergelooss (17.000), wat d'Léisung vun de Problemer ëm de Golan net vereinfacht.
Virum Krich vu Sechs Deeg haten d'Syrer probéiert, een Deel vum Waasser vun de Golanhéichten, dat de Séi Genezareth speist a fir d'Opbereedung vu Drenkwaasser benotzt gëtt, ëmzeleeden. Dat huet Israel sech net bidde gelooss.
De Krich vu Sechs Deeg war e Krich deen Israel géint seng arabesch NopeschlännerEgypten, Jordanien a Syrien op Provokatioune vun hinnen hi gefouert huet, an dee mat engem Präventivschlag vun der israeelescher Aviatioun agelaut ginn ass. Hien huet 6 Deeg, vum 5. Juni bis zum 10. Juni 1967, gedauert an ass mat der Besetzung vun derGazasträif an de Golahéichten zu Enn gaangen.
D'Zäitbomm huet awer weidergetickt an där Géigend. Um Ufank vumJom-Kippur-Krich ass se geplatzt. D'syresch Arméi konnt, ënnerstëtzt vun aneren arabesche Länner, an engem éischten Ulaf d'Golanhéichten erueweren. Am Laf vun enger Géigenattack huet Israel d'Golanhéichten zeréckeruewert. Am Golan huet deemools déi gréisst Panzerschluecht an der Weltgeschicht stattfond. Et stoungen 180 israeeleschPanzer 1400 feindleche Panzer géintiwwer, 870 Panzer dovun, vill Gefierer a Kanoune si verluer gaangen.
Israel huet dobäi och schwéier Verloschter missen astiechen. Déi deemoleg israeelesch PremierministeschGolda Meir ass dunn, well si där Attack net virgegraff hat, ënner staarke politeschen Drock komm an ass am Dezember 1973 zeréckgetratt. Si gouf duerch deJitzchak Rabin am Mäerz1974 ersat.
Fir Israel hunn d'Golanhéichten ëmmer eng Gefor bedeit:
well vun de Golanhéichten aus d'israelech Siidler am Jordan-Dall vun Zäit zu Zäit ënner de Beschoss vu syreschen Truppe vum Golan aus komm sinn.
Awer och wellDrénkwaasserversuergung vun Israel, déi aus demSéi Genesareth duerch d'Ëmleedung vum Waasser aus dem Golan koum, a Fro gestallt konnt ginn.
Israel hält d'Golanhéichten, wou Kräfte vun de Vereenten Natiounen zanter 1974 stationéiert sinn, fir en Désengagement vun den zwou Parteie sécherzestellen, haut ëmmer nach besat. D'international Communautéit betruecht se weider als eent vun Israel besate Gebitt an net als israeeleschen Territoire. D'Golanhéichte bleiwen e Sträitpunkt, an eng Eenegung tëscht Syrien an Israel gëtt allgemeng als onwahrscheinlech ugesinn.