Glasnost (гласность, wat opRussesch souvill wéi "Transparenz" heescht) bezeechent demMichail Gorbatschow seng amMäerz1985 agefouerten nei Politik vun enger méi grousser Transparenz an Oppenheet vun dersowjetescher Staatsféierung géinteniwwer der eegener Bevëlkerung. De Gorbatschow wollt domat eng ëffentlech Diskussioun iwwer d'Kris vun der sowjetescher Ekonomie ausléisen a sou seng konservativ Géigner an der Partei ënner Drock setzen, déi Oppositioun géint d'Usätz vu senger1987 agefouerter wirtschaftlecher ËmstrukturéirungspolitikPerestroika gemaach hunn.
D'Tendenz vum Glasnost huet awer och d'Meenungsfräiheet mat sech bruecht, an deemno och der Bevëlkerung hiert Recht, de System an de Regime ze kritiséieren. Glasnost ass schonn an den1970er Jore vu villenDissidente gefuerdert ginn. Et huet awer wéi gesot gedauert bis datt de Gorbatschow un d'Muecht komm ass, ier d'Glasnost och ëmgesat ginn ass.