D'Gesiicht ass beimMënsch de viischten Deel vumKapp a bezitt sech op dee Beräich, dee sech vun der Spëtzt vun derStier bis bei deKënn a vun engem bei dat anertOuer erstreckt.
D'Grondform vum mënschleche Gesiicht gëtt duerch d'Gesiichtsskelett (oderGesiichtsschädel) dat drënnerläit, duerch d'Gesiichtsmuskelen an d'Quantitéit vum subkutaneGeweebe bestëmmt. D'Gesiicht spillt eng wichteg Roll an der Kommunikatioun a beim Ausdrock vun de Gefiller an der Stëmmung. Zousätzlech bestëmmen d'Grondform vum Gesiicht an aner Eegenaarte vum Gesiicht eis extern Identitéit.
De Gesiichtsschädel (ëmgangssproochlechSchierbel,lat.Viscerocranium) besteet aus véierzéng Schanken, sechs Koppelen an zwéin eenzeler. D'Schanke vumViscerocranium begräifen:
zwee Nuesbeen (Os nasale),
zwee Tréinebeen (Os lacrimale),
zwou Nuesmuschelen (Concha nasalis inferior),
zwou Schanke vum IeweschteGebéck oder Uewerkiferschanken (Maxilla),
d'Ënnescht Gebéck oder Ënnerkifer (Mandibula),
zwee Gummbeen (Os palatinum),
zwee Jachbeen (Os zygomaticum),
de Vomer ((de) Pflugscharbein).
D'Haaptfunktioun vun dëse Schanken ass fir dem mënschleche Gesiicht eng Form ze ginn an déi bannenzeg Strukturen ze schützen. Zousätzlech bidden dës Schanken Ëffnunge fir de Passage vun neurovaskuläre Strukturen a knacheg Elementer fir d'Befestegung vun de Gesiichtsmuskelen.
D'Gesiichtsmuskelen (och nachmimesche Muskelen) bestinn aus ongeféier 20 iwwerflächleche Skelettmuskele vum Gesiicht an der Kapphaut, déi ofhängeg vun hirer Lag a Funktioun, a verschidde Gruppen opgedeelt ginn:
Buccolabial Grupp: eelef Muskelen déi fir d'Beweegung an d'Form vumMond an deLëpse verantwortlech sinn,
Nasal Grupp: dräi Muskelen,
Orbital Grupp: dräi Muskelen déi responsabel si fir d'Aen op- an zouzemaachen grad ewéi fir d'Aperhoer ze beweegen,
Grupp vun derKapphaut an derAkaul: dräi Muskelen déi d'Ouerläppercher an d'Ouermuschel an engem gewësse Mooss beweege kënnen,
Aurikulär Grupp: zwéi Muskelen, engersäits verantwortlech fir d'Beweegung vun der Stier an anersäits fir d'Genéck an d'ënnescht Lëps.
D'primär Funktioun vun de Gesiichtsmuskelen ass et, fir eng breet Pallett vu Gesiichtsausdréck z'erméiglechen, déi wichteg si firEmotiounen a Stëmmungen auszedrécken (z. B. Laachen, Grinsen, d'Stier a Fale leeën, …). Doriwwer eraus hëllefen dës Muskelen de Mond an d'Aen op- an zouzemaachen an domat déi empfindlech Deeler vum Gesiicht ze schützen.
Den ieweschten Deel vum Gesiicht geet vun do wou d'Hoer ufänke bis bei den ënneschte Bord vun derAenhiel; säitlech erstreckt e sech bis bei d'Regioune vun deSchleef. Dat iewescht Gesiicht kann an dräi separat Regiounen opgedeelt ginn:
d'Stierregioun (Regio frontalis),
d'Orbital- oder Aenhielregioun (Regio Orbitalis) an
Dësen Deel vum Gesiicht gëtt uewe vum Bord vun der ieweschter Lëps an ënne vum ënneschte Bord vum Kënn agegrenzt. Säitlech reecht d'ënnescht Gesiicht op all Säit bis de Wénkel vumËnnerkifer. Déi eenzel Regioune vum ënneschte Gesiicht sinn: