Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Geowëssenschaften

Vu Wikipedia

D'Geowëssenschaften ëmfaassen all d'Wëssenschaften, déi sech mat derÄerd beschäftegen.

Bei der Geowëssenschaft ginn d'Kenntnesser an d'Methode vun de BasiswëssenschaftePhysik,Mathematik,Astronomie,Chimie aBiologie ugewannt. D'Geowëssenschafte sinn zimmlech fächeriwwergräifend a kënne ganz schwéier agegrenzt ginn. Doduerch gëtt et keng eendeiteg Definitioun.

Déi eenzel Sektiounen

[änneren |Quelltext änneren]

Ekonomiegeologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Ekonomiegeologie benotzt op der Sich no ekonomesch wäertvolle Réistoffer, nieft klassesche geologeschen Techniken, wéi d'Andeelen a Prouwen huelen um Terrain, och d'Methode vun derGeochimie,Geophysik a Fernerkennung. Zur Klärung vun der Genese vu Lagerplazen ass besonnesch d'Virstellung iwwer de Floss vun ënnerierdeschen, mineraliséierte Léisungen (Fluid) wichteg. D'Biergbaugeologie benotzt bei der Sich an der Exploitatioun vun Äerzlageren Erkenntnesser vun derTektonik an der Strukturgeologie. Bei der Sich no fossilem Brennmaterial, wéi och no netmetalleschem Réimaterial, brauch ee Kenntnesser aus derPaleontologie (haaptsächlech Mikrofossilien) aSedimentologie.

Fernerkennung

[änneren |Quelltext änneren]

D'Fernerkennung ass een interdisziplinaart Instrument fir d'Datebeschafung duerch Loftbildopnamen a Fernerkennungssatelitte fir bal all Beräicher, déi hei opgefouert sinn.

Fotogrammetrie

[änneren |Quelltext änneren]

Fotogrammetrie bedeit d'Rekonstruktioun vun Zeechnunge a vu Géigestänn (hei vun der Äerd- oder Buedemuewerfläch) an dräidimensionaler Form (z. B. eng perspektivesch Zeechnung vun enger Foto).

Geochimie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Geochimie befaasst sech mat dem Opbau an der Verdeelung vu cheemeschen Elementer anIsotopen op der Äerd, op anerePlanéiten an amWeltraum (Kosmochimie). Ausserdeem erfuerscht si d'Gesetzer vum Matièretransport a -kreeslaf vun deMineraler an dem Gestengs an der ganzer Äerd.

Geodesie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Geodesie befaasst sech mat der Bestëmmung vun der Figur vun der Äerd, hirer Zeechnung a Kaarten a Pläng souwéi dem Vermoossen a Beschreiwung vun der Géigend an de Géigestänn a Bedeitung op der Äerduewerfläch. Deelberäicher vun der Geodesie sinn d'Äerdvermoossen, d'Landvermoossen, d'Kartographie, d'Fotogrammetrie, d'Ingenieurvermoossen an d'Astrogeodesie, déi d'Kenntnesser, d'Mëttel an d'Methode vun derAstronomie fir Vermoossenssaufgaben asetzt.

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Geographie ënnersicht all Virgäng an op der Äerd. Deelberäicher vun der Geographie sinn d'Physesch Geographie an derAnthropogeographie.

Geoinformatik

[änneren |Quelltext änneren]

D'Geoinformatik setzt sech mam Wiesen an der Funktioun vun derGeoinformatioun, mat hirer Bereetstellung a Form vuGeodaten a mat deenen dorop opbauenden Uwennungen auserneen. Déi dobäi gewonnen Erkenntnesser endegen an der Technologie vun de GEO-Informatiounssystemer.

Geologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Geologie ënnersicht den Opbau vun der Äerd, virun allem d'Gestengs an derÄerdkuuscht. De wichtegste Prinzip vun der Geologie ass den Aktualismus. Am Ufank vun de 60er Joren huet d'Wëssenschaft e risege Fortschrëtt gemaach duerch d'Akzeptéiere vun der Theorie vun derPlackentektonik. D'Schwësterwëssenschafte vun der Geologie sinn d'Paleontologie an déihistoresch Geologie. En Deel vun der Geologie ass d'Stratigraphie, déi versicht d'Gestengs chronologesch nom Alter anzedeelen (geologesch Zäitskala). Jee nodeem wéi eng Kennzeechen e Gestengs huet, ënnerscheet een d'Fossil- oderBiostratigraphie, d'Lithostratigraphie, d'Magnetostratigraphie an d'Sequenzstratigraphie.

Geomorphologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Geomorphologie ënnersicht d'Landschaftsformen, déi haut op der Äerduewerfläch existéieren, zesumme mat Klassifikatioun, Eegenheeten, Beschreiwung, Ursprong, Entwécklung an den Zesummenhang vun de geologesche Strukturen.

Geophysik

[änneren |Quelltext änneren]

D'Geophysik ass eng Spart vun derPhysik an hëlt physikalesch Prinzippie fir d'Erfuerschung vun der Äerd. Deelberäicher vun der Geophysik sinn d'Seismik, d'Seismologie, d'Gravimetrie, d'Geoelektrik, d'Geothermik (déi versicht d'Hëtzt aus der Äerd als Energieressource auszenotzen), d'Isotopegeophysik, d'Geomagnetik an d'Buerlachgeophysik.

Geotechnik

[änneren |Quelltext änneren]

D'Geotechnik ass en Haaptbegrëff fir d'Disziplinnen amBauingenieurswiesen, déi sech mat der Grënnung vu Bauwierker am Ënnergrond befaassen.

Hydrologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Hydrologie ass d'Wëssenschaft vum Waasser, vu sengen Eegenschaften a senge Formen op an ënner der Landuewerfläch.

Ingenieurgeologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Ingenieurgeologie ass deen Deel vun der Geologie, deen d'geologesch Verhältnesser am Sënn vum Bauingenieurswiesen ënnersicht. Si befaasst sech z. B. mat der Standfestegkeet vum Ënnergrond vu Bauwierker an och mat derÄerbiewesécherheet. Si spillt och eng Roll bei der Entsuergung an der Vermeidung vunËmweltschied.

Kartographie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Kartographie ass d'Wëssenschaft,Konscht anTechnik vum Erstelle vu geographesche Kaarte fir d'Duerstellung vun der Äerduewerfläch mat all hiren topographeschen, siidlungsgeographeschen, territorialen, infrastrukturellen, sozialen, politeschen, historeschen, geologeschen, tektoneschen an all aner Aspekter.

Klimatologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Klimatologie erfuerscht d'Gesetzméissegkeete vumKlima, also dem duerchschnëttlechen Zoustand vun derÄerdatmosphär a benotzt dobäistatistesch Methoden.

Kristallographie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Kristallographie ass eng Materialwëssenschaft a beschäftegt sech mat de physikaleschen Eegenschafte vuKristaller.

Limnologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Limnologie erfuerscht d'Struktur an de Stoff- an Energiehaushalt vun de Bannegewässer alsEkosystem.

Meteorologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Meteorologie ass d'Wëssenschaft vun den atmosphäresche Phenomeener.

Mineralogie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Mineralogie beschäftegt sech mat der Zesummesetzung an der Klassifikatioun vun de Mineraler, wou se hierkommen a mat hirer technescher an wirtschaftlecher Verwennung.

Ozeanographie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Ozeanographie ënnersicht d'Stoff- an d'Energiekreesleef an de Weltmierer. D'Planktologie ass eng Verbindung zur Biologie.

Paleoklimatologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Paleoklimatologie versicht unhand vu verschiddenen Daten aus Klimaarchiven déi ënnerschiddlech klimatesch Verhältnesser an der Vergaangenheet ze klären an aus de Réckschlëss Previsioune fir déi klimatesch Zukunft ze maachen.

Paleontologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Paleontologie ass d'Wëssenschaft, déi sech mat de Planzen (Paleobotanik) an Déieren (Paleozoologie) aus der Virzäit beschäftegt. Quellematerial fir d'Paleontologe sinn d'Fossilien.

Pedologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Pedologie ass d'Wëssenschaft, déi sech mam Entstoen, der Entwécklung, de Bestanddeeler an enger Klassifizéierung vum Buedem befaasst. Biedem entstinn duerch physikalesch a cheemesch Verwitterung vu festem Gestengs.

Petrologie a Petrographie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Petrologie an d'Petrographie sinn Disziplinnen, déi fest Gestengs ënnersichen. D'Petrographie huet d'Roll fir se ze beschreiwen. Wéinst den Ënnerscheeder beim Entstoe vum Gestengs kann d'Petrologie an dräi Ënnergebidder agedeelt ginn: magmatesch Gestengs, metamorpht Gestengs a Sedimentgestengs.

Petrophysik

[änneren |Quelltext änneren]

D'Petrophysik befaasst sech mat der Bestëmmung vu physikaleschen Eegenschafte vu Gestengsprouwen. Si huet eng besonnesch Bedeitung bei der Bewäertung vu Gestengs firPëtrol anÄerdgas.

Tektonik

[änneren |Quelltext änneren]

D'Tektonik befaasst sech mam aktuelle Opbau vun derÄerdkuuscht a mat hire Beweegungen a Stäerkten.

Vulkanologie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Vulkanologie ëmfaasst déivulkanesch Phenomeener op der Äerd.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Geowëssenschaften – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Geowëssenschaften&oldid=2540944
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp