Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

George H. W. Bush

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer ePolitiker ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
George H. W. Bush
Funktioun
41. President vun den USA
20. Januar 1989 - 20. Januar 1993
VirgängerRonald Reagan
NofollgerBill Clinton
44. Vizepresident vun den USA
20. Januar 1993 - 20. Januar 2001
VirgängerWalter Mondale
NofollgerDan Quayle
ParteiRepublican Party
Biographie
GebuertsnummGeorge Herbert Walker Bush
Gebuer12. Juni1924
Milton
Gestuerwen30. November2018
Houston
DoudesursaachParkinson-Krankheet
NationalitéitUSA
EducatiounPhillips Academy,
Yale Universitéit
GielercherDistinguished Flying Cross, Knight Grand Cross of the Order of the Bath, Air Medal, Freedom Award, Robert-Schuman-Medail, Presidential Medal of Freedom, Grand-croix vum Ordre de mérite vun der Republik Polen,Order of the British Empire,Bundesverdienstkreuz
Bestuet matBarbara Bush (6.1.1945–17.4.2018)
PappPrescott Bush
MammDorothy Walker Bush
GeschwësterNancy Walker Bush Ellis, Jonathan Bush, Prescott S. Bush, Jr.
KannerGeorge W. Bush, Jeb Bush, Dorothy Bush Koch

DenGeorge Herbert Walker Bush, dacks einfachGeorge Bush, gebuer den12. Juni1924 zuMilton, a gestuerwen den30. November2018 zuHouston, amTexas, war enUS-amerikanescherepublikanesche Politiker.

Den George Bush war vun 1989 bis 1993 den41. President vun deVereenegte Staate vun Amerika.

Seng politesch Karriär huet hien 1967 als Deputéierte vum Representantenhaus firTexas ugefaangen. De PresidentRichard Nixon huet hien 1971 zum amerikaneschen Ambassadeur bei derUNO ernannt, vun 1974 bis 1975 war hien ënner dem PresidentGerald Ford Direkter vum Liaisounsbüro vun den USA aChina a vun 1976 bis 1977 Direkter vumCIA. Vun 1981 bis 1989 war hien ënner dem PresidentRonald Reagan Vizepresident vun den USA.

1988 war hien de Spëtzekandidat vun de Republikaner; hien huet d'Wal gewonnen a gouf sou dem Reagan säin Nofollger amWäissen Haus. 1992, wéi e Kandidat fir seng eegen Nofolleg war, huet hien awer géint deBill Clinton verluer.

Wärend senger Amtszäit koum et ë. a. zum Massaker op derTienanmen-Plaz an zum Zesummebroch vun de kommunistesche Systemer a Mëtteleuropa, notamment och zum Fall vun derBerliner Mauer a vumEisene Rideau. Bei all dësen Evenementer ass hien eng zeréckhalend-virsiichteg Politik gefuer, fir China, resp. d'Sowjetunioun net sou ze bruskéieren, datt dat sech zu engem Konflikt hätt kënnen héichspillen.

1990 huet hien, nom Iwwerfall vumIrak op deKuwait, déi amerikanesch Arméi an de Süde vum Irak amarschéiere gelooss, déi zwar gehollef hunn, de Kuwait ze befreien, mä deSaddam Hussein a säi Regimm op hirer Plaz gelooss hunn ("Operation Desert Storm").

Hien ass de Papp vumGeorge W. Bush, dee vun 2000 bis 2008 den 43. US-President war.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: George H. W. Bush – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Sozial Medien
Wope vum President vun den USA
Vizepresidente vun deVereenegte Staate vun Amerika
Wope vum Vizepresident
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=George_H._W._Bush&oldid=2650174
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp