Den George Grosz ass bekannt fir seng sozial- a gesellschaftskritesch Molereien an Zeechnungen, wouvun déi meescht an den 1920er Joren entstane sinn. Si sinn dacks bewosst drastesch a provokativ, an hunn och dacks e politesche Message. Typesch Sujete sinn d'Groussstad mat all hiren däischtere Säiten (Muerd, Perversioun, Gewalt) an hire soziale Géigesätz (extremer Aarmut vs. héije Räichtum). Hien ass nach e Krack méi aggressiv a politesch wéi denOtto Dix, deen zu der selwechter Zäit änlech Wierker geschaf huet.
A senge Wierker, dacks Karikaturen, mécht hien de Geck mat deenen un der Spëtzt vun derWeimarer Republik, a gräift sozial Géigesätz op a kritiséiert besonnesch d'Ekonomie, d'Politik, d'Militär an deKlerus.
Seng Wierker ginn der sougenannterNeuer Sachlichkeit zougerechent. Säi Kënschtlernumm hat en 1916, nodeems e vun der Front vumÉischte Weltkrich erëmkomm war, ugeholl, well en, genee wéi säi Frënd, de KënschtlerJohn Heartfield, dee virdrun Helmut Herzfeld housch, aus Protest géint de Krich keen däitschen Numm méi droe wollt. Nom Éischte Krich gouf hie Member vun derKPD an derNovembergruppe, an huet, an de "Wëllen Zwanzeger" vill vu senge politeschen a gesellschaftleche Wierker realiséiert.
De Grosz huet an där Zäit och zu der BerlinerDada-Szeen gehéiert, an huet Aflëss vuKubismus a vumFauvismus opgeholl. Seng provokativ Biller hunn him Prozesser wéinstBeleidegung vun derReichswehr,Ugrëff op d'ëffentlech Moral oderGotteslästerung abruecht.
Nodeems e fir e puer Méint 1932 an den USA Course ginn hat, ass en am Januar 1933, just ier d'Nationalsozialisten un d'Muecht koumen, duer emigréiert. Seng Biller, déi en zeréckgelooss hat, goufe vun den Nazie verklappt oder als"Entartete Kunst" verbrannt. An Amerika, wou e praktesch onbekannt war, huet hie wéineg unerkannt Biller gemoolt, wéi z. B.Cain, or Hitler in Hell.
Nodeems den George Grosz zum Member vun der BerlinerAkademie der Künste ernannt gi war, ass en 1959 aus den USA an Däitschland hannescht gaangen. Just e puer Wochen drop ass en zu Berlin gestuerwen, wéi e voll eng Trap erofgefall war.
Erste George Grosz-Mappe, 9 Lithographien, Barger, Berlin, 1917.
Kleine George Grosz-Mappe,Malik-Verlag, Berlin, 1917. 20 Lithographien,
„Gott mit uns“, Politische Mappe, 9 Lithographien, Malik, Berlin, 1920.
Im Schatten, 9 Lithographien, Malik, Berlin, 1921.
Das Gesicht der herrschenden Klasse, 55 politische Zeichnungen von George Grosz, Malik, Berlin, 1921 (=Kleine revolutionäre Bibliothek, Nr. 4. Julian Gumperz, Hrsg.)
Mit Pinsel und Schere, 7 Materialisationen, Malik, Berlin, 1922
Die Räuber, Neun Lithographien zu Sentenzen aus SchillersRäuber, Malik, Berlin, 1922
Abrechnung folgt! 57 politische Zeichnungen, 1923 (= Kleine revolutionäre Bibliothek, Nr. 10).
Ecce homo 84 Lithographien und 16 Aquarelle, Malik, Berlin, 1923. Reprint: 1992.
Der Spießer-Spiegel, 60 Berliner Bilder nach Zeichnungen, mit einer Selbstdarstellung des Künstlers, Reisner Verlag, Dresden, 1925. (Selbstdarstellung, S. 5- 12). Veränderte Ausgabe, 1932.
Hg. mit Wieland Herzfelde,Die Kunst ist in Gefahr, Drei Aufsätze(darin: G. G.,Statt einer Biographie), Malik, Berlin, 1925
Hintergrund, 17 Zeechnunge fir d'Representatioun vumSchwejk an der Piscator Bühne, Malik, Berlin, 1928
Die Gezeichneten, 60 Blätter aus 15 Jahren, Malik, Berlin, 1930.
Das neue Gesicht der herrschenden Klasse, 60 neue Zeichnungen, Malik, Berlin, 1930.
Über alles die Liebe, 60 neue Zeichnungen, Bruno Cassirer, Berlin, 1930.
Interregnum, 64 Zeichnungen und 1 Farblithographie, Black Sun Press, New York, 1936. Mit einer Einleitung vonJohn Dos Passos.
30 Drawings and Watercolors, Erich S. Herrmann, New York, 1944.
A Little Yes and a Big No, The Dial Press, New York, 1946
Ein kleines Ja und ein großes Nein. Sein Leben von ihm selbst erzählt Rowohlt, Reinbek b. Hamburg, 1955, 1974, 1983.ISBN 3-499-11759-2 *George Grosz, J. Hofbauer (Hg.), 1948.