Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Gemeng Waldbriedemes

Vu Wikipedia
Gemeng Waldbriedemes
D'Märei vu Waldbriedemes zu Trënteng
An anere Sproochenfr: Waldbredimus
de: Waldbredimus
LandLëtzebuerg
KantonKanton Réimech
Chef-lieuTrënteng
BuergermeeschterThomas Wolter
Awunner1.337
 1. Januar 2023
Fläch1.257ha
Héicht182m
Koordinaten49° 33’ 25’’ N
      06° 17’ 15’’ O
LAU-CodeLU1208
Websäithttp://www.waldbredimus.lu/

Déi fréierGemeng Waldbriedemes war englëtzebuergesch Gemeng amKanton Réimech, déi op den 1. September 2023 mat derGemeng Bous zu derGemeng Bous-Waldbriedemes fusionéiert ass.

DeChef-lieu vun der Gemeng war d'UertschaftWaldbriedemes, vun där se och hiren Numm hat.

Uertschaften aLieu-diten an der fréierer Gemeng[1]

[änneren |Quelltext änneren]

Uertschaften

[änneren |Quelltext änneren]

Ierseng -Réid -Trënteng -Waldbriedemes

Lieu-diten

[änneren |Quelltext änneren]

Gondel -Gondeler Millen

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Entwécklung vun der Awunnerzuel vun der fréierer Gemeng

[änneren |Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Politik

[änneren |Quelltext änneren]

De Gemengerot vun der Gemeng Waldbriedemes gouf nomMajorzsystem gewielt.

Buergermeeschteren

[änneren |Quelltext änneren]
  • ...
  • 1843 - ?:Nicolas Spanier
  • 1849 - 1861 Joh. Goergen
  • 1861 - 1884 Nik. Elinger
  • 1884 - 1885 Mathias Weydert
  • 1885 - 1914 Heinrich Fischer
  • 1915 - 1918 Henri Robert
  • 1919 - 1920 Thédore Molling
  • 1920 - 1932 Nikolaus Fisch
  • 1932 - 1963: Auguste Kayl
  • 1964 - 1969: Jos Hoss
  • 1970 - 1975: Edmond Klensch
  • 1976 - 1983: Jos Rennel (gestuerwe bei engem Accident)
  • 1984 - 1991: Jos Gengler
  • 1991 - 1999: Jos Ruppert (virgezunnen Neiwalen 1991)
  • 2000 - 2004: John Rennel (Neibildung vum Schäfferot no engem Mësstrauensvott)
  • 2004 - 2008: Jean Terens (Demissioun am Februar 2008)
  • 2008 - 2020:Louis Oberhag (no den Neiwalen am September 2008; Récktrëtt Juni 2020[2])
  • 2020 - 2023:Thomas Wolter

Fusioun

[änneren |Quelltext änneren]

Zanter 2018 gouf et Pläng datt d'Gemeng Waldbriedemes matdär vu Bous kéint fusionéieren. De Referendum dozou, deen den 3. Abrëll 2022 an den zwou Gemengen organiséiert gouf, ass positiv ausgaangen, mat 73,6 Prozent vun de Wieler zu Waldbriedemes, déi dofir gewielt hunn (zu Bous waren et der 56,8 Prozent)[3]. Dat fréiert Paschtoueschhaus vu Waldbriedemes soll déi nei Märei ginn.[4]. Eng Zäitche waren och d'GemengeRéimech aStadbriedemes intresséiert, fir bei där Fusioun matzemaachen;[5] doraus ass awer näischt ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Gemeng Bous-Waldbriedemes.

  • Bous…
    Bous…
  • a Waldbriedemes…
    a Waldbriedemes…
  • fusionéieren zu Bous-Waldbriedemes.
    fusionéieren zu Bous-Waldbriedemes.

Wopen

[änneren |Quelltext änneren]
Beschreiwung:
d'argent à deux sceptres doublement fleurdelisés de sable posés en sautoir, à la croix de gueueles brochant chargés d'une croix ancrée d'or
D.C.2. Mäerz1982 -A.M.9. Juni1983 - Mémorial B 1983, Säit 722 - Projet:Jean-Claude Loutsch 1981
De Wopen ass a véier gedeelt well d'Gemeng fréier zum Besëtz vu véier Kléischter gehéiert huet an zwarSankt Maximin vun Tréier,Mäjendall,Mënster aBouneweg. Datgëllent Ankerkräiz op rout kënnt aus de Wope vun den Häre vuBuerschent a vuPëtten déi Geriichtshären zu Waldbriedemes waren. Déi gekräizt Zepteren kommen aus dem Wope vun derFamill de Wiltheim där déi verschidden Uertschaften an der Gemeng gehéiert hunn. D'Gemeng Waldbriedemes huet zu den éischte Gemenge gehéiert déi am Ufank vum19. Joerhonnert gegrënnt goufen.

Interkommunal Syndikater

[änneren |Quelltext änneren]

D'Gemeng Waldbriedemes war Member vu follgendeninterkommunale Syndikater:

Jumelagen

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren |Quelltext änneren]

Veräiner

[änneren |Quelltext änneren]
  • DeGesangveräin Caecilia Waldbriedemes e renge Kierchechouer, deen den 10. Februar 1903 gegrënnt gouf.
  • Eng nei Uergel fir an d'Kierch vu Waldbriedemes a.s.b.l..
  • D'Chorale St. Cécile Trënteng e renge Kierchechouer
  • D'Trëntenger Musek

Gemengeblat

[änneren |Quelltext änneren]

D'Gemengeblat vu Waldbriedemes huetNouvellen aus eiser Gemeng geheescht[6].

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 11.08.2020. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
  2. "Waldbredimus: Bürgermeister tritt zurück." wort.lu, 26. Juni 2020.
  3. "Gemenge Bous a Waldbriedemes: 'Jo' zur Fusioun." rtl.lu 03.04.2022.
  4. "Gemeindefusion: Bous und Waldbredimus holen Bürger ins Boot." wort.lu, 28.05.2021
  5. "Remich steigt in Gespräche zu "Mega-Fusion" ein." wort.lu, 23.11.2018.
  6. PDF Archivéiert de(n) 10.05.2010. Gekuckt de(n) 23.01.2010.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Gemeng_Waldbriedemes&oldid=2582591
Kategorie:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp