Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Gemeng Duelem

Vu Wikipedia
Gemeng Duelem
d'Märei vun Duelem
Aussprooch
An anere Sproochenfr: Dalheim
de: Dalheim
LandLëtzebuerg
KantonKanton Réimech
Chef-lieuDuelem
BuergermeeschterJoseph Heisbourg
Awunner2.389
 1. Januar 2024
Fläch1.898ha
Héicht309m
Koordinaten49° 32’ 29’’ N
      06° 15’ 28’’ O
LAU-CodeLU1202
Websäithttp://www.dalheim.lu/

D'Gemeng Duelem ass eng vun den100lëtzebuergesche Gemengen. Se läit amKanton Réimech. DeChef-lieu vun der Gemeng ass d'UertschaftDuelem vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng

[änneren |Quelltext änneren]

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

D'Gemeng Duelem läit am Südoste vumGroussherzogtum Lëtzebuerg an ass ëmgi vun de GemengeConter,Bous-Waldbriedemes,Schengen,Munneref,Fréiseng aWeiler zum Tuer.Si läit um südlechsten Ausleefer vumLëtzebuerger Sandsteen deen och haut nach an engem Steebroch beiAltwis ofgebaut gëtt. Um Terrain vun der Gemeng hu sechs Baachen hir Quell. Nërdlech vun Duelem huet d'Schleebaach hiren Ufank, déi sech da mat derHoubech vereenegt fir dann alsAlbaach an d'Musel ze lafen. Och d'Hesslengerbaach, déi südlech vu Welfreng entspréngt an d'Grondbaach, déi zuFëlschdref hiren Ufank huet, lafen iwwer d'Ierpeldengerbaach respektiv d'Gander an d'Musel.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Galloréimesche Vicus

[änneren |Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema:Vicus Ricciacus 


Südlech vun der Uertschaft Duelem, am fréiere Stammesgebitt vun denTreverer, läit um héchste Punkt vun engem no Südwesten hin offalenden Héichplateau e réimescht Duerf, e sougenannteVicus. Eng gutt Partiekeltesch Fondstécker deiten drop hin, datt do och eng keltesch Siidlung war. Déi konnt bis elo awer nach net lokaliséiert ginn.

Degalloréimesche Vicus gouf em zirka17 v. Chr. als Etappeplaz am Kontext vum Bau vun derVia Agrippa gegrënnt, déi vuLyon iwwerMâcon,Chalon-sur-Saône,Dijon,Langres,Toul,Metz, Duelem,Tréier duerch d'Äifel opKöln féiert. D'Uertschaft hat an der Antiquitéit den NummRicciacum, dee souwuel op der Plaz selwer, wéi och op derTabula Peutingeriana, enger mëttelalterlecher Ofschrëft vun enger réimescher Kaart, iwwerliwwert ass. Seng Bléi hat en tëscht dem Enn vum1. an dem3. Joerhonnert n. Chr. Obwuel Deeler wärend de Germanenafäll an der zweeter Hallschent vum 3. Joerhonnert zerstéiert goufen, war den Uert duerchgängeg bis an di éischt Hallschent vum5. Joerhonnert bewunnt. Duerno gouf d'Plaz opginn.

Ricciacum hat beandrockend ëffentlech Gebaier, wéi en Theater, e groussen Tempelbezierk anThermen. Dat sinn Aspekter déi dem Duerf de Charakter vun enger réimescher Klengstad ginn.

Mëttelalter an Neizäit

[änneren |Quelltext änneren]

Dat haitegt Duerf Duelem, dat sech am Dall tëscht dem „Pëtzel-Plateau“ an dem „Péiteschbierg“ erstreckt, gouf an der éischter Hallschent vum6. Joerhonnert vu fränkeschen Zouwanderer gegrënnt. An Dokumenter gëtt dat eloDalheim, also „D'Heem am Dall“ genannt Duerf an de Joren 785/786 fir d'éischt ernimmt. Am10. Joerhonnert koumen d'Uertschaften Duelem, Fëlschdref an en Deel vu Welfreng duerch eng Schenkung an de Besëtz vun derRäichsabtei St Maximin zuTréier, woumat déi eigentlech Grondhärschaft vun der Meierei Duelem an den Hänn vun der Abtei louch. Den Abt vun Tréier huet fir dee Beräich eVogt ernannt deen fir och d'Dierfer Duelem, Fëlschdref, Altwis a Welfreng zoustänneg war. Déi Aufgab gouf vun der Härschaft vu Roussy iwwerholl. Vu 1495 un gouf den Härenhaff op Liewenszäit a vum16. Joerhonnert un, dunn och op Zäit verpacht. Domat geet dann och d'Eegebewirtschaftung vun der Abtei St Maximin op en Enn. Wärend demDrëssegjärege Krich gouf bal dat komplett Duelem zerstéiert. Och amHollännesche Krich tëscht 1672 a 1678 gouf Duelem an d'Ëmgéigend geschiedegt. 1680 gouf d'Härschaft vu Roussy vu Frankräich besat a sou gouf och Duelem fir bal ee Joerhonnert bis 1769 franséisch.

Wéi 1795 di franséisch Revolutiounstruppen an d'Herzogtum Lëtzebuerg ageréckt sinn, ass dat alsDépartement des Forêts u Frankräich ugegliddert ginn. Aus der Meierei Duelem gouf d'Commune de Dalheim an den Nicolas Amma gouf hiren éischte Buergermeeschter. 1797 gouf deCode Civil op Lëtzebuerg ugewannt an domat déi al Strukture mat engem eenheetleche Recht ersat. Duelem war vun do u vuRéimech ofhängeg. Vun 1814 un, also nom Zesummebroch vumNapoleonesche Räich, gehéiert Duelem zum nei geschaafte Groussherzogtum Lëtzebuerg, ënner nidderlännescher Herrschaft.

Wopen

[änneren |Quelltext änneren]
Beschreiwung am Originaltext:

Tranché de gueules à un monde d'or sommé d'une aigle romaine du même, et d'azur à deux bars adossés d'argent; à une crosse du même garnie d'or, posée en bande et brochant sur la partition.
D.C.15. Dezember1983 -A.M.4. Abrëll1984 - Mémorial B 1984, Säit 478 - Projet:Marcel Lenertz 1983
De Wope vun Duelem erzielt d'Vergaangenheet vun Duelem. DenAadler op der Weltkugel erënnert un d'Réimer, déi hir Spueren do hannerlooss hunn. Déi zwéiBaarwe kommen aus dem Wope vun den Häre vuBuerg-Rëttgen (d'azur à deux bars adossés d'argent) déi zu Duelem, Fëlschdref a Welfreng Vogt a Riichter gespillt hunn. Den Abtstaf erënnert drun datt d'Abtei Sankt-Maximäin eng Zäit am Besëtz vun den dräi Uertschafte war.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren |Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Politik

[änneren |Quelltext änneren]

Buergermeeschteren

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren |Quelltext änneren]

Veräiner

[änneren |Quelltext änneren]
De gallo-réimeschen Theater vun Duelem

Interkommunal Syndikater

[änneren |Quelltext änneren]

D'Gemeng Duelem ass Member vu follgendeninterkommunale Syndikater:

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Peter Henrich:Das gallorömische Theater von Dalheim „Hossegronn“ Luxemburg. Dossiers d'archéologie XV. Imprimerie Central SA, Luxemburg 2016,ISBN 978-2-87-985317-8.
  • Laure Juncker, Joseph Heisbourg, Joseph Mangerich (Red.): Ricciacus: 30 Joer Ricciacus Frënn Duelem 1977–2007. Imprimerie Central SA, Luxembourg 2007, S. 202, ill.
  • Jean Krier:DEAE FORTUNAE OB SALUTEM IMPERI. Nouvelles inscriptions de Dalheim (Luxembourg) et la vie religieuse d'un vicus du nord-est de la Gaule à la veille de la tourmente du IIIe siècle. Gallia – Archéologie de la France antique 68.2, 2011. CNRS Éditions, Paris 2011, S. 313–340, ill.ISBN 978-2-271-07269-6.
  • Jean Krier:Der gallorömische vicus von Dalheim. Imprimerie Hengen, Luxemburg 2010,ISBN 978-2-87985-137-2.
  • Jean Krier:Das vorrömische und frührömische Dalheim (Luxemburg). In: Rheinisches Landesmuseum Trier (Hrsg.):Trier - Augustusstadt der Treverer. Philipp von Zabern, Mainz 1984,ISBN 3-8053-0792-6.
  • Jean Krier, Raymond Weiller:Zu den Anfängen der römischen Besiedlung auf “Pëtzel“ bei Dalheim. Publications de la Section Historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg XCIV, Imprimerie Joseph Beffort, Luxemburg 1980, S. 141–194, ill.
  • Victor Loos:Der Römeradler. Den Adler – Lokalzeitung N°1-2, 1996.
  • Victor Loos:Duelem: Eis Kiirch. Conseil de la fabrique d'église, Luxemburg 1993.
  • Jeannot Metzler, Johny Zimmer:Beiträge zur Archäologie von Dalheim. Hémecht 30.3, Saint-Paul, Luxemburg 1978.
  • Heike Pösche:Neue Grabungen in den Thermen des vicus Ricciacus. Empreintes – Annuaire du Musée national d'histoire et d'art. Imprimerie Faber, Luxembourg 2011, S. 40–47, ill.ISBN 978-2-87985-149-5.
  • Robert Vandivinit, Gust Linden, Sandy Linden, Aloyse Estgen, Victor Loos, "Vu Ricciacus via Dalahem op Duelem." Fanfare Gemeng Duelem, Luxemburg 2001,ISBN 2-87996-944-1.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Duelem – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Gemeng_Duelem&oldid=2587687
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp