Gemeng Conter | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Märei vu Conter | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Contern de: Contern |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Lëtzebuerg |
Chef-lieu | Conter |
Buergermeeschter | Marion Zovilé-Braquet(CSV) |
Awunner | 4.513 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.055ha |
Héicht | 333m |
Koordinaten | 49° 35’ 6’’ N 6° 13’ 37’’ O |
LAU-Code | LU0302 |
Websäit | https://contern.lu/ |
![]() | |
![]() | |
D'Gemeng Conter ass eng vun den100lëtzebuergesche Gemengen. Se läit amKanton Lëtzebuerg. DeChef-lieu vun der Gemeng ass d'UertschaftConter vun där se och hiren Numm huet.
D'Gemeng Conter läit südëstlech vun derStad Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 255 an 340 m (NG-L).
Nopeschgemenge siSandweiler aSchëtter am Norden,Lenneng aBous-Waldbriedemes am Osten,Duelem aWeiler zum Tuer am Süden anHesper am Westen.
D'BaachSir leeft vu Südwesten no Nordosten queesch duerch d'Gemeng.
Laanscht denCR234 läit d'Industriezon« Am Weiergewan ».
Wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'N2 an d'N28. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen132,153,226 an234 duerch d'Gemeng.
D'EisebunnsstreckeLëtzebuerg-Waasserbëlleg anAlzeng-Éiter duerchlafen d'Gemeng an treffen an der Uertschaft Éiter openeen.
![]() | Beschreiwung am Originaltext: D'argent à la fasce ondée de gueules chargée de trois trangles également ondées d'or, ladite fasce accompagnée en chef d'une croix ancrée de gueules, en pointe d'une coquille de sable. |
Quell:STATEC
DeGemengerot vu Conter gëtt zanter 2005 nomProporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11Conseilleren zesummen.
No deGemengewale vun 2011 huet de Schäfferot sech op eng Koalitioun vunDP,LSAP andéi Gréng gestäipt. No de Wale vun 2017 koum et zu engCSV-LSAP-Koalitioun, déi och no de Wale vun 2023 bestoe bliwwen ass.
Buergermeeschtesch ass zanter 2017 d'Marion Zovilé-Braquet[1][2].
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
2005 | 3 | 4 | - | 4 |
2011 | 4 | 3 | 2 | 2 |
2017 | 5 | 2 | 2 | 2 |
2023 | 5 | 3 | 1 | 2 |
Quell:Inneministère / RTL.lu / elections.lu
D'Gemeng Conter huet eng Zentralschoul mat Sportzentrum fir d'Spillschoul- a Grondschoulklassen (Schoul um Ewent) an der Uertschaft Conter umCR226 (rue de Syren).
D'Gemeng Conter ass Member vu follgendeninterkommunale Syndikater:
Commons: Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien |