D'Gëlle Rous (Latäin:Rosa aurea) ass eng besonneschpeepstlech Auszeechnung fir Herrscher oder kathoulesch a virun allemmarianesch Kultplazen ze éieren. D'Rous, aus vergëlltemSëlwer, ass e Rousentrausch mat sechs Straiss mat Rousebléien, dee vum Poopst geseent ass.
D'Gëlle Rous symboliséiertJesus Christus:Gold verweist op d'Operstéiung, d'Dären op d'Passioun. Traditionell gëtt d'Gëlle Rous um 4.Faaschtesonnden (la.Laetare) verginn, deen dowéinst ochRousesonndeg genannt gëtt, se kann awer méi spéit am Joer iwwerreecht ginn.
De PoopstFranziskus huet bei senger Visitt de26. September2024 derTréischterin eng Gëlle Rous geschenkt, dëst zu Éiere vun de 400 JoerWallfaart bei d'Patréinesch vu Lëtzebuerg.
Zu Lëtzebuerg hat d'Groussherzogin Charlotte den 23. Oktober 1956 eng Gëlle Rous vum PoopstPius XII. geschenkt kritt fir hir Verdéngschter wärend demZweete Weltkrich. Den apostouleschenNuntiusEfrem Forni huet der Groussherzogin dës Rous an derKathedral iwwerreecht.[1]
Commons: Gëlle Rous – Biller, Videoen oder Audiodateien |