Den Zwicky war de Jong vun engem Schwäizer Geschäftsmann deen a Bulgarien mat Kotteng gehandelt huet. Mat sechs Joer gouf de Fritz wéinst opGlarus bei seng Grousseltere geschéckt, fir do an d'Schoul ze goen. Spéider hat hien d'Matura zuZürich mat beschte Noute bestanen. Tëscht1917 an1925 huet hien op derETH ZürichMathematik anExperimentell Physik studéiert an hat do mam TheemaD'Räissfestegkeet vuSteesalz-Monokristalle bei ënnerschiddlechen Temperaturen promovéiert.[1]
Mat engemRockefeller-Stipendium ass hien dunn1925 opPasadena gaangen, fir mat sengem Studium umCaltech weiderzefueren. Spéider huet hien do als Assistenzprofesser Virliesungen anAtomphysik gehalen.[1]
Hien huet weider vill kosmologesch Theorien entworf, déi zum häitege Versteesdemech vum Universum bäigedroen hunn.1942 gouf hien zum Professer firAstronomie beruff. Donieft huet hien tëscht1943 an1961 och als Beroder vun derAerojet Engineering Corporation geschafft an huet verschidden Dreifstoffer a Materialer gepréift, fir d'Rakéitentechnik fir d'Raumfaart virunzedreiwen. Vun1948 u war hien och Member vumMount Wilson-Observatoire a vum Observatoire umMount Palomar.
De16. Oktober1957, 12 Deeg nom Start vum éischte russesche SatellitSputnik, dee spéider nees op D'Äerd zeréckgefall war, hat den Zwicky vunAlamogordo aus den éischte Géigestand an de Weltraum geschoss, deen net méi op d'Äerd zeréckgefall war: Eng Metallkigelche vu ronn engem Zentimeter Duerchmiesser war mat engerAerobee-Rakéit op eng Héicht vun ongeféier 85 Kilometer geschoss ginn, wou se mat enger Sprengluedung op eng Vitess vun iwwer 15 km/s acceleréiert gouf. Den Objet krut den NummArtifical Planet No. Zero.[2]
1932 hat den Zwicky d'Dorothy Vernon Gates bestuet, déi aus enger bekannter kalifornescher Famill gestaamt huet. D'Bestietnes gouf no néng Joer gescheet.1947 huet hie sech dunn an der Schwäiz mat der Anna Margaritha Zürcher bestuet. Si haten dräi Meedercher.
De Fritz Zwicky ass mat 75 Joer zu Pasadena gestuerwen a gouf a senger HeemechtsgemengMollis begruewen.
Hie war och e begeeschterte Biergwanderer a war am Ëngank mat senge Matmënschen zimmlech schwiereg. Hie war fir de Bau vun der US-amerikanescherAtombomm, fir demDäitsche Räich op de Virzock ze kommen, hat awer den Asaz géintJapan verurteelt.[1]
Nieft sengen astronomeschen Aktivitéiten huet hie sech och mat der Methodik beschäftegt, aus Iddie konkreet Produkter z'entwéckelen(kucktMorphologesch Analys).
Fritz Zwicky:Morphologische Forschung. Wesen und Wandel materieller und geistiger struktureller Zusammenhänge. Baeschlin, Glarus1989,ISBN 3-85546-038-8, (Schrëftrei vun der Fritz-Zwicky-Stëftung Band 4).
Fritz Zwicky:Jeder ein Genie. Der berühmte Astrophysiker revolutioniert unsere „Denkmethode“. Baeschlin, Glarus1992,ISBN 3-85546-058-2, (Schrëfterei vun der Fritz Zwicky Stëftung Band 6).
Fritz Zwicky:Morphological Astronomy. Springer-Verlag, Berlin, Göttingen, Heidelberg1957.
Fritz Zwicky:Morphologische Forschung. Winterthur AG, Winterthur,1959, Neioplo Baeschlin, Glarus1989,ISBN 3-85546-038-8, (Schrëftrei vun der Fritz Zwicky Stëftung Band 4).
Fritz Zwicky:Morphology of Propulsive Power. Society for Morphology, Pasadena CA1962, (Monographs on morphological research 1).
Fritz Zwicky:Entdecken, Erfinden, Forschen im morphologische weltbild. Droemer/Knaur, München, Zürich,1966
Alfred Stöckli, Roland Müller:Fritz Zwicky, Astrophysiker. Genie mit Ecken und Kanten. Eine Biographie. NZZ Libro, Zürich2008,ISBN 978-3-03823-458-6
Roland Müller:Erfolg mit Morphologie. Baeschlin, Glarus 1993,ISBN 3-85546-057-4, (Schrëftrei vun der Fritz Zwicky Stëftung Band 7), (Biographie vum Fritz Zwicky).
↑Fritz Zwicky, Liewen a Wierk vum grousse Schwäizer Astrophysikers, Rakéitefuerscher a Morphologen, S. 427ff, Roland Müller, Verlag Baeschlin Glarus.ISBN 3-85546-024-8